Actualités

Kick-off vum Projet 'MATHI'

''
06/02/2024

De 'MATHI'-Kick-off fir d'Zyklen 1 bis 4 fënnt de 19. Mäerz 2024 vu 14:30 bis 17:30 Auer am Forum Geesseknäppchen statt.

'MATHI' ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept, fir d'Léiere vun der Mathé an den Zyklen 1 bis 4 vun der Grondschoul am Laf vun deenen nächste Joren nei ze denken.

D’Materialien, déi um Kick-off virgestallt ginn, sinn zu Lëtzebuerg spezifesch fir d'Schülerinnen a Schüler sou wéi fir d'Léierpersonal aus de Lëtzebuerger Schoulen entwéckelt ginn. 'MATHI' gräift den eenzegaartege, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen op a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler upasst.

D'Material vum 'MATHI' huet d'Ambitioun, d'Léierpersonal esou vill wéi méiglech am Alldag ze ënnerstëtzen, fir datt méi Zäit fir d'Aarbecht mat de Schülerinnen a Schüler zur Verfügung steet.

Um Kick-off ginn de Classeur an d’Materialkëschte fir den Zyklus 1 virgestallt, déi am Summer erauskomme fir d’Rentrée 2024-2025. Des Weidere ginn och d’Formatiounsangebot fir d'Léierpersonal vum Zyklus 1, souwéi d’Zäitschinn fir d'Erschénge vun de Materialie fir d'Zyklen 2 bis 4 an e puer ausgewielte Materialie fir den Zyklus 2 presentéiert.

Well d’Plazen, fir um Kick-off deelzehuelen, limitéiert sinn, ass eng Umeldung iwwert dëse Link erfuerdert.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu