Actualités

read-y, eng Online-Bibliothéik fir Jonker

read-y affiche
06/07/2020

Säit Juli 2020 huet de SCRIPT, an enker Zesummenaarbecht mat der Bibliothèque nationale du Luxemboug (BnL), eng nei ebook-Bibliothéik an d’Liewe geruff, déi fir Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement secondaire geduecht ass.

Hei hu si alleguer d’Méiglechkeet aus enger grousser Auswiel vun elektronesche Bicher ze wielen an dës gratis erofzelueden an ze liesen, fir esou nach méi eng grouss Freed um Liesen z’entwécklen. Dëse Projet gouf bewosst elo um Enn vum 3. Trimester lancéiert, an engem Schouljoer, dat voller Erausfuerderunge stoung.

Wat beim Confinement an dem Schouldoheem awer kloer siichtbar ginn ass, ass de groussen Interessi un de Bicher, egal ënnert wéi engem Format. Et gouf esouvill gelies wéi vläicht nach ni virdrun. An de Summer ass déi optimal Zäit, fir dëser verdéifter oder nei fonnte Passioun nach méi nozegoen. Aus dësem Grond hunn de SCRIPT an d’BnL read-y an d’Liewe geruff, fir all Schülerin a Schüler heibäi ze ënnerstëtzen.

Wat ass read-y?

Ënner www.ready.script.lu kënne sech d’Schülerinnen a Schüler via hiren IAM (Identity Access Management) aloggen an op iwwer 20.000 ebooks zougräifen. Dës digital Bicherlëscht gëtt permanent erweidert an aktualiséiert, fir datt déi Jonk ëmmer, nieft de beléifte Klassiker, déi neiste Publikatiounen erëmfannen. Dëst a ganz verschiddene Genren, wéi Jugendliteratur, Fantasy, Billerbicher, awer och Comics, Graphic Novels oder och vill wëssenschafltech Sachliteratur. Hei fanne sech fir jiddereen interessant Wierker.

Wéi kitt een Zougang zu der Online-Bibliothéik?

Zougang zu den ebooks hunn alleguer d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement secondaire. Iwwer hiren IAM kënne si sech aloggen a fräi duerch d’Online-Bibliothéik stöberen a sech Bicher iwwer hire Kont ausléinen. Donieft huet och d’Léierpersonal d’Méiglechkeet, op dës Bibliothéik zréckzegräifen, genau wéi och d’Bibliothecairen an d’Direktiounsmemberen.

Dës ebooks kënnen iwwer 2 verschidde Weeër ausgeléint a gelies ginn:

  • zum enge browserbaséiert iwwert d’URL www.ready.script.lu;
  • zum aneren iwwert d’Reader-App Sora, déi een esouwuel am App Store fir iOS, wéi och am Google Play Store fir Android fënnt. Weider Informatiounen iwwert de Fonctionnement fannt Dir an der Broschür am Download hei drënner.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu