Actualités

Bicycool um Vëlosdag

Bicycool um Vëlosdag
10/06/2021

De 9. Juni 2021 stoung zu Zéisseng am Bike-Park Boy Konen de ganzen Dag am Zeeche vum Vëlo. Spaass hunn a méi sécher um Vëlo gi waren déi wichtegst Ziler.

Zesumme mat der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL), der LASEP an dem Vëlosclub La Pédale Mühlenbach war de SCRIPT mat sengem edukative Projet Bicycool dobäi, fir dësen Dag mat senger Equipe matzeplangen an z‘encadréieren.
A 5 verschiddenen Ateliere konnten d’Kanner op ënnerschiddlech Aart a Weisen hiert Kënnen ënner Beweis stellen a vill bäiléieren. Dëst war nach eng Kéier ee vun den Highlights an dësem Schouljoer an am enk getimte Kalenner vun der Bicycool-Equipe.

Bis zum 15. Juli wäerten d’Suzie, de Mike an de Lex nach hir Vëlos-Atelieren a verschiddene Schoulen uechtert d’Land ubidden an och fir dat nächst Schouljoer sti vill Projeten an de Startlächer: nieft neiem didaktesche Material wäert och e Projet fir d’Wanterméint konzipéiert ginn.

Ënnert dësem Link fënnt een nach e Video, dee wärend dem Vëlosdag vun der Zeitung L'essentiel gemaach gouf.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu