Actualités

Maison du Cycliste: De Vëlo am Vierdergrond

Maison du Cycliste: De Vëlo am Vierdergrond
19/07/2021

E Freideg, de 16. Juli 2021 gouf zu Monnerech op der bestoender Kartpiste eng Charte ënnerschriwwen, déi de Bau vun enger Maison du Cycliste thematiséiert.
Vertrieder vum Automobile Club du Luxembourg (ACL), vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun (FSCL) a vum SCRIPT hunn hir gemeinsam Intentioun erkläert, fir zesummen eng national Ulafstell fir de Vëlo ze kreéieren.

D’Initiativ, déi vum ACL an d’Liewe geruff gouf an och ëmgesat gëtt, gëtt mam Knowhow vun der Vëlosfederatioun a vum SCRIPT ënnerstëtzt, fir och de pedagogesche Volet vum Vëlo an de Virdergrond ze setzen.
Dëst gouf bei der Signature vun der Charte och nach eng Kéier vum Luc Weis, Direkter vum SCRIPT ënnerstrach: « De plus en plus de personnes choisissent le vélo comme moyen de déplacement. Son apprentissage devrait faire partie intégrante des programmes de l’enseignement fondamental, au même titre que la natation. En plus des formations qui seront données sur le site de Mondercange, la Maison du Cycliste proposera des supports d’information et des outils pédagogiques afin de participer à la promotion du vélo à travers des animations et des événements ».

Den neien nationale Vëloszentrum wäert et dem SCRIPT an Zukunft erméiglechen, fir hei nach méi geziilt de Schoulklassen d’Vermëttlung vum Vëlofueren unzebidden. 
Éier de Site fäerdeg ass, kann awer och schonn de bestoende Komplex genotzt ginn, fir mat Bicycool Themenwochen op der Kaartpist unzebidden; dëst zum Beispill als Virbereedung op eng Coupe Scolaire.

No der Signature gouf mam SCRIPT-Projet Bicycool mat enger Schoulklass vu Monnerech d’Wichtegkeet vum Vëloléieren demonstréiert.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu