Actualités

De SCRIPT an de radio 100,7 setzen hir flott Zesummenaarbecht fort

De SCRIPT an de Soziokulturelle Radio setzen hir flott Zesummenaarbecht fort
15/09/2021

Zanter dem Fréijoer 2020 schaffen de SCRIPT an de radio 100,7 bei verschiddenen Emissiounsformater enk zesummen.

Zum enge bei der Kanneremissioun Héiere - Léiere - Lauschteren (Héléla), déi  ëmmer samschdes vun 13.00 bis 14.00 Auer diffuséiert gëtt.

Zum aneren hunn de SCRIPT an de radio 100,7 eng Rei vu fachspezifesche Webinairen organiséiert.

No enger Evaluatioun si béid Partner zur Conclusioun komm, dass dës flott Collaboratioun eng Plus-Value fir all Bedeelegt a fir de Public duerstellt a si hunn deemno decidéiert, hir Zesummenaarbecht weiderzeféieren.

Ab der Schoulrentrée 2021-2022 geet et also den 18. September weider mat de Bäiträg vun der Emissioun Héléla.

De Format vun de Webinaire geet de 26. Oktober an eng nei Ronn mat enger Emissioun iwwer Defiziter beim Oppassen/Hyperaktivitéit, déi zesumme mam Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa a mam Service de consultation et d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) organiséiert gëtt.

  • Ënnert dësem Link fannt Dir all Héléla-Emissiounen, déi bis elo diffuséiert goufen.  
  • Ënnert dësem Link fannt Dir d’Linken op all SCRIPT/100,7-Webinairen, déi bis elo iwwer d’Antenn gaange sinn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu