< retour
Den 30. September 2021 huet de SCRIPT den éischten nationalen Sustainable Entrepreneurial School-Dag organiséiert.
Bei de sustainable entrepreneurial schools engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen. De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/Labelen erreechen. Méi Informatiounen zum Projet fënnt een um Internetsite www.entrepreneurship.lu.
Ugefaangen huet den Dag mat engem Meet and Greet, bei deem d'Partner vum Projet sech konnte mat den 12 Lycéeën, déi momentan um Projet deelhuelen, austauschen an Aktivitéite fir dat neit Schouljoer zesumme plangen. Fir nei interesséiert Lycéeë gouf eng offiziell Presentatioun vum Projet ofgehalen, bei deem sech konnt iwwert den Oflaf an den Inhalt vum Projet informéiert ginn.
Um Owend war dann de méi feierleche Moment fir déi 12 Schoulen, déi a Präsens vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum M. Lex Delles, Minister fir Mëttelstand an Tourismus fir hir Aarbecht am Schouljoer 2020/2021 belount goufen.
Ausgezeechent goufen d'Lycéeë fir hiren Engagement op dräi verschiddenen Niveauen:
Niveau 1: Start Up
Niveau 2: Entrepreneurial Progression
Niveau 3: Entrepreneurial Culture
E Spezialpräis goung un d'Ecole Privée Marie Consolatrice wéinst der Realisatioun vun insgesamt 24 You(th)Start Challengen.
Den offiziellen Deel vum Owend gouf ofgeronnt duerch Interventioune vum David Ziegler (Key Note Speaker a Motivatiouns-Coach) aus Däitschland, a vum Ivo Silva an Clémentine Offner, déi iwwert hier Erfarunge vun den Euroskills zu Graz geschwat hunn, vu wou si eng Bronze Medail am Concours Business Development Team Challenge mat op Lëtzebuerg bruecht hunn.
Hei e klengen Zesummeschnëtt vun dem ganzen Dag: