< retour
Haut ass Kleeserchersdag an den hellege Mann huet bestëmmt un iech all geduecht an e klenge Kaddo matbruecht.
Elo frot der iech bestëmmt, wéi dir him kënnt Merci soen. Majo, de Kleeschen huet ganz gären, wann ee fir hie sengt.
D’Ekipp vun de SCRIPT-Projeten mimamu (Mir maache Musek) a makedra (Maach (k)een Drama) huet eng ganz Rei Lidder arrangéiert. Dir kënnt se op mimamu.lu ënnert dësem Link lauschteren.
Op kannerzait.lu kënnt dir ënnert dësem Link dräi Sang-Mat-Videoe gesi mam Text vun de Lidder. Da kann d’ganz Famill dem Kleeschen e Ständche sangen.