< retour
De SCRIPT invitéiert op de ‘Lëtzebuerger Schoulbibliothéiksdag fir Grondschoulen’, deen den 10. Mee 2022 tëscht 14:00 an 18:00 Auer am Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) um eduPôle zu Walfer organiséiert gëtt.
Dëst Evenement soll de Schoulbibliothecairen aus der Grondschoul en interessanten Echange zum Theema ‘Schoulbibliothéik zu Lëtzebuerg’ erlaben.
No engem Online-Keynote vum Här Dr. Markus Fritz (Amt für Bibliothek und Lesen - Südtirol), ginn an engem Barcamp-Format 6 partizipativ Workshops zum Theema ‘Schoulbibliothéik’ ugebueden.
3 Theeme si scho virginn (‘Raumgestaltung’, ‘Liesfërderung’, ‘Bestand’) an 3 weider Theeme kënne vun de Participanten am Viraus definéiert ginn.
Umelle kann een sech ënnert dësem Link.