Actualités

Lëtzebuerg (er)liewen – eng Woch tëschent Konscht, Kultur an Traditiounen

Lëtzebuerg (er)liewen – eng Woch tëschent Konscht, Kultur an Traditiounen
01/06/2022

Déi 2. Editioun vu 'Lëtzebuerg (er)liewen – eng Woch tëschent Konscht, Kultur an Traditiounen' gëtt tëscht dem 7. an dem 10 Juni 2022 organiséiert.

Am Kader vun dësem Evenement sollen all interesséiert Kanner, Jugendlecher, Klassen a Schoulen d’Méiglechkeet hunn, fir bei Aktivitéiten a Projete ronderëm d’lëtzebuergesch Welt vun der Musek, dem Theater, der Literatur oder awer och dem Patrimoine matzemaachen.

Op www.letzebuergerliewen.lu fënnt een déi eenzel Offerten, déi fir dës Woch (an natierlech och doriwwer eraus) vum SCRIPT ugebuede ginn. Déi kënne souwuel doheem an der Famill wéi och zesummen an der Klass erlieft ginn.

Dëst Joer gëtt de Lëtzebuerger Patrimoine op ganz vill verschidde Manéiere virgestallt, fir op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur hinzeweisen. Et kann een ënner anerem dëst entdecken:

  • D’Lëtzebuerger Orthografie - 30 Videoclippe fir unzefänken

'Lëtzebuergesch richteg schreiwen': Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam SCRIPT am Ganzen 30 kuerz Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Déi animéiert Videotutorials erklären d’Grondreegele vum Lëtzebuergeschen op eng flott, faarweg a spilleresch Aart a Weis. Lass geet et mat zwou Aleedungen iwwer d’Vokalen an d’Konsonanten an iwwer d’Betounung, duerno kommen déi wichtegst Reegelen drun (vun der Vokallängt iwwer d’n-Reegel bis bei d’Friemwierder), den Ofschloss mécht dann e Pot-pourri mam Titel: 'Kuriéises an Nëtzleches'.

  • De 'Carnet Culturel - Mäi Kulturjoer Esch2022'

De 'Carnet Culturel - Mäi Kulturjoer Esch2022' ass fir all déi Interesséiert, déi näischt am Kulturjoer verpasse wëllen an dobäi nach all hir Erliefnesser sammele wëllen. Op dësen 132 Säiten fënnt een net nëmmen alleguer d’Evenementer vum Joer, mee d’Schülerinnen a Schüler hunn d’Méiglechkeet, fir hir kulturell Erfarungen an Erliefnisser kreativ am Carnet festzehalen.

  • kulturgeschicht.lu - ënnerschiddlech Facettë vum Lëtzebuerger Patrimoine

Um Site www.kulturgeschicht.lu ginn zu ënnerschiddleche Beräicher vum Lëtzebuerger Patrimoine vill Informatiounen a Quellen ugebueden. Online si scho Kapitel zu der Geschicht vu Lëtzebuerg, der Wirtschafts- a Sozialgeschicht, der Sproochegeschicht, der Theaterentwéckulung an der Mediegeschicht.

Fir dës 2. Editioun vu 'Lëtzebuerg (er)liewen' ginn elo weider Facettë vun der Lëtzebuerger Kulturgeschicht ugebueden; ënner anerem Dossieren zu dem immaterielle Kulturierwen um Beispill vun der Iechternacher Sprangprozessioun, der Kulturpolitik, awer och vun der Literaturgeschicht, dem Juddentum a Lëtzebuerg an der Sportsgeschicht.

  • Lëtzebuerger Lidder - Nei a modern arrangéiert

De Léierpersoune gi praktesch Hëllefsstellungen am Beräich Musek, wéi Lidder, Boomwhackers, Body-Percussioun a villes méi  zur Verfügung gestallt, sou wéi flott Iddien, Beispiller a pedagogesch Tipps am Beräich Theater.

Fir déi 2. Editioun vu 'Lëtzebuerg (er)liewen' wëll d’SCRIPT-Ekipp vu mimamu-makedra op e puer flott Aktivitéiten hiweisen, déi trotz Corona konnten an deene leschten zwee Joer mat Schoulklasse realiséiert ginn.

De Begrëff 'Patrimoine' huet heefeg dat falscht Bild vum Verstëbsten, Alen… dat stëmmt awer net an eis nei Arrangementer solle weisen, datt Patrimoine och frësch a modern ka sinn.

Sou sinn am Kader vum Projet 'Music-Video-Day' zwee flott Musek-Clips entstan, wou d’Kanner hir Versioun vum Siggi, Grof vu Lëtzebuerg weisen. Nieft dem 'Hey Siggi' fannt dir ënner dem Stéchwuert 'Patrimoine' awer nach vill aner Materialien an der mimamu-makedra Datebank déi wärend dëser kultureller Woch ausprobéiert kënne ginn.

 

Dëst a vill weider Projeten, Materialien an Initiativë fënnt een op www.letzebuergerliewen.lu. All d’Aktivitéite kënnen natierlech och nach no der Woch vum 7. Bis den 10. Juni ofgeruff ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu