Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': CoLab 'Evaluéieren am Fondamental'

Projet 'Plan d’études 2025': CoLab 'Evaluéieren am Fondamental'
14/09/2022

D’lescht Schouljoer war den Optakt vum Consultatiounsprozess am Kader vum Projet 'Plan d’études 2025'.

Mat der Rentrée 2022-2023 geet dës Consultatiounsphas, déi vun der Division pour le développement du curriculum vum SCRIPT lancéiert ginn ass, elo an hiert zweet Joer.

Dëst Schouljoer sidd Dir op en Neits als Léierpersonal, edukatiivt a psychosoziaalt Personal aus de Grondschoulen an de Kompetenzzentren an als Enseignanteën/ Enseignanten aus dem Secondaire ganz häerzlech invitéiert, Iech un den Iwwerleeungen zu engem neie Plan d’études ze bedeelegen.

De nächste CoLab-Workshop fokusséiert d’Theema 'Evaluéieren am Fondamental'.

Deelhuele kann een donneschdes, de 6. Oktober 2022 vu 16:45 Auer bis 20:00 Auer en présentiel an der Salle Guillaume (Bâtiment III) um eduPôle zu Walfer oder dënschdes, den 11. Oktober 2022 vu 16.45 bis 20.00 Auer online iwwer Teams.

An dësem CoLab schwätze mir ënner anerem  iwwer:

  • D’Evaluéieren am schouleschen Alldag: Wéi kann d’Evaluatioun d’Léieren ënnerstëtzen? Wéi eng Evaluatiounsmethode gi benotzt?
  • Wéi gitt Dir vir, fir d’Bilanen auszefëllen? Op wéi eng Schwieregkeete stousst Dir a Verbindung mat de Virgaben am Plan d’études an dem Opbau vun de Bilanen?
  • Wat sinn Är Wënsch a Léisungsvirschléi am Zesummenhang mam Bilansgespréich an der Kommunikatioun vun de Resultater un d’Elteren an d’Kand?
  • D’Orientatioun an de Secondaire an d’Ënnerscheeder tëscht der Evaluatioun am Fondamental an am Secondaire.

Aschreiwung

Sidd Dir interesséiert, matzediskutéieren iwwert déi künfteg Ausriichtung vun der Grondschoul an iwwert d’Programmentwécklung vum Fondamental? Da schreift Iech wgl. bis de 5. Oktober 2022 fir de CoLab zum Theema 'Evaluéieren am Fondamental' an:

  • Umeldung fir d’Formatioun en présentiel ënnert dësem Link
  • Umeldung fir d’Formatioun online ënnert dësem Link

Dëse CoLab ass als Formatioun ausgeschriwwen. Fir dëst Schouljoer sinn zwee weider CoLabs geplangt zu den Theemen 'Transversalitéit' a 'Formal an non-formal Bildung'.

Méi Informatiounen

Weider Informatiounen zu all de CoLabs ginn et op der Internetsäit www.curriculum.lu.

Bei Froen an Ureegunge kënnt Dir iwwer curriculum@script.lu oder iwwer folgend Telefonsnummere Kontakt ophuele mat der Curriculumsentwécklungsdivisioun vum SCRIPT: 247-65210 / 247-85922.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu