Actualités

'De Piwitsch': Är Meenung ass gefrot!

'De Piwitsch': Är Meenung ass gefrot!
10/01/2023

'De Piwitsch' ass e mediepedagogesche Projet vum SCRIPT. Et ass eng Printzeitung, eng Websäit (www.piwitsch.lu)  an eng Offer fir journalistesch Aarbechten an der Klass.

'De Piwitsch' riicht sech u Kanner vun den Zyklen 3 a 4 vun der Grondschoul.

Ronn zéng Méint nom Lancement vum 'Piwitsch' a véier Ausgabe vun der Zeitung, wëlle mir d’Meenung vun den Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 froen, wat si vum 'Piwitsch' halen, a wéi si domat schaffen.

Dës Informatiounen si wichteg, fir de 'Piwitsch' nach besser ze gestalten. 

Dir sidd interesséiert, matzemaachen? Dëse Link hëlt Iech direkt bei de Questionnaire mat ronn 20 Froen.

D’Beäntwerung vum Froebou sollt idealerweis bis zum Enn vun der Fuesvakanz, also den 19. Februar 2023 geschéien.

Mir soen am Virfeld villmools Merci fir d’Matmaachen!

De 'Piwitsch'-Team

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu