Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum CoLab-Workshop mat de nationalen Elterevertrieder ass online

 CoLab-Workshop mat de nationalen Elterevertrieder ass online
09/01/2023

De CoLab-Workshop mat de nationalen Elterevertrieder huet de 14. Mee 2022 en présentiel um eduPôle Walferdange stattfonnt.

Déi 47 präsent Membere konnte fräi tëschent fënnef verschiddenen Atelieren zirkuléieren, fir iwwert verschidden Theeme ronderëm de Plan d’études ze diskutéieren:

  • Atelier 1: Les programmes actuels
  • Atelier 2: Les langues à l’école
  • Atelier 3: Les passages
  • Atelier 4: L’évaluation
  • Atelier 5: Boîte à idées

De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi zukünfteg Rapporte wäerten eng essentiell Basis sinn, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études wäerte gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu