Actualités

Abilympics 2023

Abilympics 2023
27/03/2023

Vum 23. bis de 25. Mäerz 2023 waren zu Metz déi 10. international 'Abilympics' (eng Wuertzesummesetzung aus den englesche Wierder 'Abilities' an 'Olympics'); dëst integréiert an déi regional Ausscheedunge vu 'WorldSkills France'.

1.000 Kandidatinnen a Kandidaten aus 24 ënnerschiddleche Länner, mat entweder engem mentalen oder physeschen Handicap, sinn a 45 verschiddene Beruffsconcourse géinteneen ugetrueden.

D’Zesummeleeë vun de reguläre regionale Beruffsconcoursen an den 'Abilympics' war en neit Konzept, dat zum engem allgemeng d’Promotioun vun der Beruffsausbildung an d’Vitrinn gestallt huet an zum anere verdäitlecht huet, datt och Jugendlecher mat engem Handicap exzellent an hirem Beruff kënne sinn. Deelweis hunn déi Jugendlech mat enger Aschränkung de selwechte Concours matgemaach, deelweis hunn se en adaptéierte Projet gemaach, fir dem Public hir Kompetenzen a Skills ënner Beweis ze stellen.

De 24. Mäerz waren S.A.R. d’Grande-Duchesse Maria Teresa an den Educatiounsminister M. Claude Meisch dës 'Abilympics' besichen a sech e Bild maachen, ob dëst Konzept och fir d’Lëtzebuerger Beruffsconcoursen iwwerholl kéint ginn. Aus deem Grond goufen si vun enger Delegatioun vum SCRIPT a vu sengem strategesche Partner 'WorldSkills Luxembourg' begleet.

Bei dëser Geleeënheet huet den Educatiounsminister der Grande-Duchesse och de grousse Projet vun den 'EuroSkills 2027' presentéiert, déi gemeinsam vun Däitschland a Lëtzebuerg ausgeriicht ginn. Am Kader vun dësem gréissten europäeschen Event am Beräich vun der Beruffsausbildung huet de SCRIPT d’Mandat, fir 150 Jugendlecher aus den 32 Memberlänner e grousst Skills-Entdeckungscamp zu Lëtzebuerg ze organiséieren. D’Grande-Duchesse huet sech ganz interesséiert un dësem Dossier gewisen an huet hire Soutien fir dësen ambitiéise Projet zougeséchert.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu