Actualités

Journées du livre et du droit d’auteur 2023: Schoulen déi matmaachen

Journées du livre et du droit d’auteur 2023: Schoulen déi matmaachen
22/03/2023

De SCRIPT huet fir d’'Journées du livre et du droit d’auteur' déi vum 17. bis den 21 Abrëll 2023 organiséiert ginn, d'Aktioun 'Net reell?! Fantastesch Geschichten' an de Grondschoulen an an de Lycéeë lancéiert.

Bei 'Net reell?! Fantastesch Geschichten' geet et engersäits ëm literaresch erfonnt, fantastesch oder magesch Geschichten, déi d’Lieserinnen an d’Lieser an eng aner Welt wëlle féieren. Do si Märercher, klassesch literaresch Ligegeschichte mat Iwwerdreiwungen, fantastesch Geschichten, fréier Utopien an Dystopië gutt bekannt a wäit verbreet: d’Märercher vun de Gebridder Grimm, den 'Till Eulenspiegel', Klassiker vun der Fantasy wéi 'Narnia' oder 'Alice am Wonnerland' oder och d’Romaner vum Jules Verne. Awer och aktuell Fantasyromaner respektiv Literatur mat (negativen) Zukunftsvisioune liwweren do vill Lies- an Diskussiounsstoff.

Anerersäits geet et ëm bewosst verdréinte Geschichten (Ligegeschichten), déi wëllen iwwerzeegen, datt si reell sinn. Och wa Fake News keng nei Erfindung sinn, ass hir Verbreedung mat de soziale Medien awer rasant geklomm. Et geet drëm esou Geschichten a Mechanismen ze erkennen an ze verstoen, wat fir eng Wierkung si kënnen hunn.

Eng 36 Grondschoulen an eng 9 Lycéeën huelen 2023 un der Aktioun 'Net reell?! Fantastesch Geschichten' deel. Si hunn deels scho ganz flott Programmer annoncéiert, déi vu Liesungen iwwer Atelieren, Ausstellungen, Concoursen, Aktivitéiten zum Theema Fake News bis zu Aktiounen op Instagram ginn.

E grousse MERCI vum ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MENJE) un all Schoule fir d’Matmaache bei där Aktioun!

Grondschoulen

École fondamentale Am Weier (Aerenzdallgemeng) / Beeforter Buergfénkelcher (Beaufort) / École fondamentale de la commune de Berdorf (Berdorf) /  Biisser Schoul (Bissen) / Zentralschoul Buurscheint (Bourscheid) / École internationale Edward Steichen (Clervaux) / Schoulzenter Reiler (Clervaux) / Centre scolaire Grand-Duc Henri (Colmar-Berg ) / Campus scolaire de la commune de Dalheim (Dalheim) / École fondamentale Differdange-centre (Differdange) / École fondamentale Oberkorn (Differdange) / École Boudersberg (Dudelange) / École Strutzbierg (Dudelange) / Schoul Um Fräschepillchen (Ell) / École fondamentale Bruch (Esch-sur-Alzette) / Centre pour le développement intellectuel Warken (Ettelbruck) / École Fondamentale de la Commune de Frisang (Frisange) /  Simmer Schoul (Habscht) / Schoul Jonglënster (Junglinster) / Schoul Kielen (Kehlen) / Ecole fondamentale de la commune de Lenningen (Lenningen) / École fondamentale Beggen (Luxembourg) / École fondamentale Eich (Luxembourg) / École fondamentale Hamm (Luxembourg) / International School Michel Lucius (Luxembourg) / École fondamentale Am Sand (Niederanven) / Schoulcampus Noumer (Nommern) / Schoul Lamadelaine (Pétange ) / Schoul Péiteng (Pétange) / École Kleesebierg (Reckange/Mess) / École fondamentale de la commune de Rosport-Mompach (Rosport-Mompach) / Zentralschoul Remerschen (Schengen) / Ëlwenter Schull (Troisvierges) / Schoul Useldeng (Useldange) / Veiner Schull (Vianden) / Ecole fondamentale Billek (Wormeldange-Flaxweiler, Syndicat scolaire Billek)

Lycéeën

École internationale Mondorf-les-Bains / École privée Marie-Consolatrice / École privée Fieldgen / École privée Sainte-Anne / Lycée Bel-Val / Lycée classique d’Echternach / Lycée Ermesinde / Lycée Guillaume Kroll / Lycée Nic-Biever Dudelange

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu