< retour
'Vun ChatGPT iwwer Google Mega-Donnéeë bis bei Roboter - Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul', sou war de SCRIPT-Webinaire vum 21. Mäerz 2023 an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) an dem radio 100,7 iwwerschriwwen.
Méi wéi 2.500 Leit aus dem Bildungssecteur haten sech fir dëse Webinaire ugemellt, deen als Formation continue vum IFEN ugebuede gouf.
“Gëschter hunn ech d’Äntwert kritt, dass mer däerfe fir d’iwwernächst Joer e BTS an der kënschtlecher Intelligenz opmaachen.” sot den Direkter vum Lycée des Arts et Métiers (LAM) Fabrice Roth am Ufank vum Webinaire iwwer den Ëmgang mat der kënschtlecher Intelligenz an der Schoul. Hien ënnersträicht domat e Konsens, deen um Enn erauszehéiere war, nämlech dass et net d’Fro ass, ob KI an d’Bildung kënnt, mee villméi, wéi a wéini.
Mat ronderëm den Dësch fir dëse Webinaire iwwer Artifiziell Intelligenz soutzen:
Moderéiert huet d’Natasha Ehrmann vum radio 100,7.
Déi Well, déi am November d’Publikatioun vu ChatGPT 3 ausgeléist huet, weist, dass KI scho méi laang an eisem Liewe funktionéiert, wéi mer heiansdo mengen. An dass et noutwendeg ass, se och fir déi nächst Generatioune gutt anzesetzen. Dat funktionéiert am Beschten, wann ee weess, wéi KI geet, wou een se kann asetzen, a wéi ee mat KI-generéierten Texter an Äntwerte soll ëmgoen.
Wat fir een Impakt huet KI op d'Schoulhalen? Wéi kann ee mat esou Moyenen iwwerhaapt nach bewäerten? A wat si Froen, déi sech Enseignanteën/ Enseignanten a Schülerinnen/ Schüler stellen vis-à-vis vun enger enorm schneller Weiderentwécklung vu Bots wéi ChatGPT an aneren? Dës a weider Froe goufen diskutéiert.
Froen iwwer d'Theema koume souwuel aus dem Schoulsecteur wéi och vun Nolauschterer eran, a goufe souwäit et méiglech war, wärend dem Webinaire beäntwert.
Wann Dir keng Geleeënheet hat fir de Webinaire live ze lauschteren, fannt Dir de Videostream ënnert dësem Link um Internetsite vum radio 100,7 oder ënnert dësem Link op youtube.