Actualités

De SCRIPT op der 'Children’s Conference'

De SCRIPT op der 'Children’s Conference'
17/04/2023

Déi véiert national Kannerkonferenz 'ChiCo' fënnt den 22. Abrëll 2023 vun 9:30 bis 16:00 Auer zu Wooltz an der Hal Am Pëtz statt.

Am Mëttelpunkt stinn d’Kanner an hier Rechter – virun allem d’Recht op Meenungsäusserung a Matbestëmmung. Dëst Joer dréint sech d’'ChiCo' ëm d'Thema 'Ech si wichteg! Ech beweegen!'.

D’Konferenz gëtt vum Kannermusée PLOMM an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an Zesummenaarbecht mat hire Partner organiséiert.

De SCRIPT ass dëst Joer fir d’éischt als Partner mat derbäi, an dat mat deem fuschneie Projet 'YES – Yoga an Entspanung an der Schoul'. De SCRIPT offréiert ab 13:15 Auer zwee Atelieren zum Thema 'Entspannt bewegen, geht das?'. Et geet ëm ënnerlech Stäerkung vu Kierper a Geescht fir esou prett ze ginn och Saachen no bausse kënnen ze beweegen an eis Ëmwelt positiv mat ze gestalten.

D’'ChiCo' riicht sech u Gruppen aus dem non-formale Bildungsberäich grad ewéi och u Kanner tëscht 8 an 12 Joer.

D’Participatioun un der Kannerkonferenz ass gratis, mee et muss een sech am Virfeld umellen.

Weider Informatiounen fënnt een um Internetsite www.chico.lu.

Hei nach e klenge Videoreportage zur Kannerkonferenz, gemaach vu Kanner fir Kanner.

 

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu