Actualités

Webinaire um radio 100,7 iwwer Tabu-Theemen an der Grondschoul

Webinaire um radio 100,7 iwwert Tabu-Themen an der Grondschoul
24/04/2023

De Webinaire 'Tabula Rasa mam Tabu – schwiereg Theemen an der Grondschoul' geet donneschtes, den 11. Mee 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn.

De Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) organiséiert. De Webinaire gëtt och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt.

 

Et ginn Theemen, iwwer déi ze schwätzen de Mënschen net einfach fält.

Doud, Krankheet oder zum Beispill Gewalt awer onausgeschwat am Raum stoen ze loossen, vergréissert meeschtens den Theema, deen als tabuiséiert gëllt.

Deet een also gutt drun, en Tabu tabu sinn ze loossen? Oder ass et villméi sënnvoll, mam néidegen Taktgefill an dem Alter entspriechend schonn an der Grondschoul iwwer Theemen ze schwätzen, déi net einfach sinn, awer zum Liewe gehéieren?

Wat ass iwwerhaapt haut nach tabu?

Ass fir jiddereen d’Hemmschwell, fir e kriddlecht Theema unzeschwätzen, déi nämmlecht? Sollt een ëmschreiwen oder d’Problematik mam Numm nennen?

Wéi geet ee mat enger Kris an der Klass ëm? Wann zum Beispill e Schoulmeeschter oder eng Joffer schwéier krank gëtt, oder souguer stierft? Wann e Kand den Doud vun enger léiwer Persoun muss verschaffen?

Am schoulesche Curriculum stinn dës Theeme wuel um Programm, mee net all Enseignante an Enseignant fillt sech wuel, fir driwwer ze schwätzen.

Wéi ginn ech domat ëm, wann ee vu menge Schüler Affer vu Mobbing oder sexuellem Mëssbrauch ass?

A wéi wäit ass et sënnvoll, mat den Elteren zesummenzeschaffen, fir engem Kand, wat mat engem Tabutheema ze kämpfen huet, ze hëllefen, oder d'Situatioun wéinstens net méi schlëmm ze maachen?

Kann een duerch Präventioun Theemen enttabuiséieren, ier se eventuell Realitéit ginn?

Iwwer déi kriddeleg Momenter am Liewe vun engem Kand, a wéi een an der Schoul  gutt domat ëmgeet, probéiert dëse Webinaire Pisten ze ginn, an esou der Hëlleflosegkeet, déi ee bei Tabutheeme kann erliewen, e bëssen eppes entgéintzesetzen.

 

Et diskutéiere mat:

  • d'Laurence Diederich, Léierin, Member vum KIT, dem Kriseninterventiounsteam vum MENJE, a Coordinatrice vun der Schoulekipp vum GSP, dem Groupe de support psychologique
  • d'Mary Faltz, Mataarbechterin beim SCRIPT, Initiatrice vum SCRIPT-Projet 'ChMenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper'
  • d'Annette Schütz, Léierin, Initiatrice vum SCRIPT-Projet 'Wat kënnt, dat geet'
  • den David Bettinelli, Regionaldirekter vum Enseignement fondamental Regioun Mamer, ënnerstëtzt Projeten, déi Kanner am Fondamental et erméiglechen, Tabue besser geréiert ze kréien

 

De Webinaire gëtt als Online-Formatioun ugebueden. Umelle kann een sech iwwer dëse Link.

Jiddereen huet d‘Méiglechkeet, wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder WhatsApp (621 44 00 44) ze stellen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu