Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vun de CoLab-Workshops mam CSEN ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vun de CoLab-Workshops mam CSEN ass online
19/05/2023

Am Kader vum ‘Projet Plan d’études 2025’ goufen zwee CoLab-Workshops mam Conseil supérieur de l’éducation nationale (CSEN) a Clausen gehalen.

De 5. Mee 2022 hunn 16 Membere vum CSEN a verschiddenen Atelieren iwwer déi dräi Theemen ‘Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement Fondamental’, ‘Méisproochegkeet: Eng Realitéit an eiser Schoul’ an ‘Grouss a kleng Iwwergäng an der Schoul’ diskutéiert. 

De 26. Januar 2023 goufen d’Reflexiounen zu dräi weideren Theeme fortgesat an eng 20 Membere vum CSEN hunn iwwer 'Evaluéieren am Fondamental', ‘Méi Transversalitéit am Plan d’études?’ an ‘D’Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung’ geschwat.

Domadder huet de CSEN sech zu deene sechs selwechten Theeme geäussert, zu deenen sech de grousse Bildungsberäich tëschent Februar 2022 a Januar 2023 a sechs separate CoLab-Workshops geäussert huet.

Déi zwee CoLab-Workshops mam CSEN goufe vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

D’Diskussioune vun deenen zwee CoLab-Workshops goufen an engem eenzege Rapport zesummebruecht. Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass dëse Rapport elo um Internetsite vun der Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link zougänglech ass (ënnen op der Säit).

De Rapport ass eng Bestandsopnam vun de CoLab-Workshops a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport, zesumme mat all de weidere Rapporten aus der Consultatiounsphas, wäert eng essentiel Basis sinn, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études wäerte gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu