Actualités

Neies iwwert de Projet '„zesumme wuessen!” - Alphabetiséierung'

''
09/10/2023

Journée „zesumme wuessen!”

Den 28. September 2023 hunn sech zu Esch-Belval eng ronn 120 Invitée zesumme fonnt, fir sech iwwert de Pilotprojet '„zesumme wuessen!” - Alphabetiséierung' ze informéieren, sech auszetauschen a sech weiderzebilden.

No der Begréissung vum Educatiounsminister Claude Meisch hunn d'Sarah Scholtes a d'Jil Hoeser, déi zwou Enseignanteën, déi de Pilotprojet schonn d'lescht Schouljoer an hirer Klassen ëmgesat hunn, hir éischt Erfarungen aus der Nelly Stein Schoul vu Schëffleng mat de Gäscht gedeelt.

Dono huet d'Carole Dupont vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) den neie Parcours de formation fir de Pilotprojet „zesumme wuessen!” virgestallt, fir deen sech all interesséiert Enseignanteë/Enseignantë kënnen aschreiwen, och déi, déi net um Pilotprojet deelhuelen. Umelle kann een sech bis den 20. Oktober ënnert dësem Link.

D'Participante konnten uschléissend un zwee vun aacht méigleche Workshoppen deelhuelen. Ageluede waren de Cycle 1, 2 an 3 aus de véier Pilotschoule, déi 15 Direktiounen aus dem Enseignement fondamental, d'Enseignanten an d’Direktiounen aus den ëffentlechen Europaschoulen, déi beim Projet matmaachen, déi véier Membere vum wëssenschaftleche Rot, déi de Projet begleeden, d'Gemengevertrieder an d'Gemengepersonal vun Diddeleng, Déifferdeng, Fiels a Schëffleng an de Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET).

 

Treffe vum Wëssenschaftleche Rot

De wëssenschaftleche Rot, deen am Kader vum Pilotprojet '„zesumme wuessen!” - Alphabetiséierung' zesumme gesat gouf, huet sech eng éischte Kéier de 27. an 28. September 2023 getraff.

D'Membere vun dësem Rot sinn: Dr. Pierre Escudé (Université de Bordeaux), Dr. Christine Hélot (Université de Strasbourg), Prof. Dr. Claudia Polzin-Haumann (Universität des Saarlandes) an den Dr. Marc Schmidt (Centre de Logopédie Lëtzebuerg). 

Beim éischten Treffen de 27. September 2023 gouf virun allem iwwert d'Entwécklung, wéi och iwwert d'Ëmsetzung an de Progrès vum Pilotprojet diskutéiert.

Den 28. September 2023 war de wëssenschaftleche Rot moies op Visitt an der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng a konnt sech e Bild maachen, wéi de Pilotprojet an de Klasse vum Cycle 1 a vum Cycle 2 ëmgesat gëtt. Mëttes hunn d'Memberen un der Journée „zesumme wuessen!” zu Esch-Belval deelgeholl.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu