Actualités

Déi éischt 'LevelUp'-Klasseconcoursen hunn ugefaangen

Déi éischt 'LevelUp'-Klasseconcoursen hunn ugefaangen
09/11/2023

Op www.levelup.lu konnten sech säit der Rentrée Klassen aus de Grondschoulen a Lycéeë fir déi sougenannte '6-Wochen-Challengen' umellen. Bei de '6 Wochen-Challengë' kréien d’Klassen Aufgabe gestallt, déi si banne sechs Woche léise mussen.

Elo no Allerhellegen ass de Projet gestart an am Januar kréien d’Klassen dann hir nächst Erausfuerderunge geschéckt. Nodeems den Challenge gepackt ass, kann d’Léierpersoun Fotoen oder Videoen dovun eroplueden. Déi beschte Klassen trieden da spéider an enger Finall géinteneen un.

Et hunn sech wäit iwwer 100 Klasse gemellt, fir un deenen eenzelen Challengen deelzehuelen.

An enger éischter Phase sinn a verschiddene Themeberäicher vum SCRIPT Challengen ausgeschafft ginn:

  • d’Beweegungschallenge: hei gëtt 'Déi beweeglechste Klass 2024' gesicht. D’Finall heivu wäert op der grousser nationaler Schoulfoire am Abrëll stattfannen;
  • d’Mimamu-Challenge: hei siche mir déi musikaleschste Klass aus Lëtzebuerg. D’Finall heivu wäert och op der grousser nationaler Schoulfoire am Abrëll stattfannen;
  • d’Improtheater-Challenge: hei kënne Klassen, déi gären Theater spille matmaachen a sech austoben. Bei der Form vun der Improvisatioun kënnen d’Kanner an der Klass hirer Kreativitéit fräie Laf loossen;
  • d’You(th)Start-Challenge: deen heite Challenge ass fir jidderee geduecht, deen den Entrepreneursgeescht, d’Eegeninitiativ, d’Kommunikatioun, d’Kreativitéit an d’kritescht Denke vun der Klass fërdere wëll.

All nei Informatioune fënnt een op levelup.lu, wou een sech och fir den Newsletter aschreiwe kann. An den nächste Woche ginn och déi nächst '6-Wochen-Challengen' am Detail hei virgestallt.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu