Actualités

Deen neie 'Piwitsch' ass do!

''
15/04/2024

Déi 8. Ausgab vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch' ass an all de Grondschoulen am Land verdeelt ginn. 'De Piwitsch' gëtt et natierlech och um Internet ënnert www.piwitsch.lu.

 

Nei Rubrik

Nei an dëser Nummer ass d'Rubrik 'Die Kinderfrage'. D'Schoulkanner stellen der 'Piwitsch'-Redaktioun Froen an déi flottste Fro gëtt vum 'Piwitsch' an der nächster Nummer beäntwert.

D'Froe kënnen entweeder um Internet iwwert www.piwitsch.lu/kifra oder per Email op info@piwitsch.lu geschéckt ginn.

An dëser Nummer ginn d'Froe beäntwert, firwat d'Reewierm bei Reen aus dem Buedem kommen a firwat een e Reewuerm net an zwee dierf schneiden.

 
Wat ass soss nach an der neier Ausgab ze fannen?

An engem weideren Déierenartikel hu mir gekuckt, wéi sech d'Déieren eigentlech an der Natur tarnen. Mee wéi gewinnt fannen d'Lieserinnen an d'Lieser aus de Cyclen 3 a 4 och an der aktueller Nummer ofwiesslungsräich Theemen.

Am 'Piwitsch' gëtt et en Artikel iwwert 'Take Off', déi éischt Science-Challenge-Show zu Lëtzebuerg. Mir haten d’Chance, mam Lucie a mam Joseph vum Fonds National de la Recherche (FNR) iwwert d'Sendung ze schwätzen.

Villäicht kann sech deen een oder anere Lieser, déi eng oder aner Lieserin nach un d'Karolina Tymtsias erënneren. Am alleréischte 'Piwitsch' hate mir dem Karolina seng Geschicht erzielt. Hatt ass wéinst dem Krich a sengem Heemechtsland mat senger Mamm aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm. Zwee Joer dono hate mir d'Chance, si nach eng Kéier ze treffen, fir si ze froen, wéi et hinnen zanterhier ergaangen ass. 

Mir hunn eis awer och ugekuckt, wéi eigentlech Batterië funktionéieren, waren zu Besuch am neie Kannermusée Plomm zu Woltz an hunn eis mat asiateschen Online-Verkafsplattforme beschäftegt, déi an Europa ëmmer méi Succès hunn an awer vill Risike mat sech bréngen.

Wéi gewinnt hu mir och nees eng flott Geschicht: dës Kéier vum Tullio Forgiarini mam Titel 'Emma & Elsa'.

D'Minireporter waren awer och nees aktiv. Ze liesen ass an der aktueller Editioun eng Mini-Redaktioun vu Péiteng.

 

Wat ass 'De Piwitsch'? 

'De Piwitsch' ass e Projet, fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Zanter dësem Joer gëtt de 'Piwitsch' a spezielle Présentoiren, déi an all Grondschoul stinn, verdeelt. Sollt Dir Froen zu de Présentoiren hunn, kënnt Dir Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per Email op info@piwitsch.lu mellen.

Fir d'Léierpersoune sinn och erëm Aarbechtsblieder ausgeschafft ginn, déi si an der Klass kënnen asetzen. Dës fënnt een um Site ënnert www.piwitsch.lu/ab.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu