Actualités

www.sustainlux.lu: pedagogesch Nohaltegkeetsprojeten ëffentlech weisen

''
16/04/2024

Zanter Enn Mäerz ass déi iwwerschafften national Plattform www.sustainlux.lu (de fréiere Site vun 'Aktioun-Nohaltegkeet') prett. Hei kann all Bierger, Firma, Administratioun asw. seng/hir Projeten am Beräich vun der Nohaltegkeet virstellen.

Och fir d’Schoule kann dëst eng interessant Plattform sinn, fir no baussen ze weisen, mat wéi enge flotte pedagogesche Projeten si sech fir d’Nohaltegkeet engagéieren.

Dofir huet de SCRIPT, zesumme mam Institut de formation de l’Education nationale (IFEN) a mam Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE), d’Plattform www.edvance.lu iwwerschafft, fir de Schoulen d’Méiglechkeet ze ginn, hir Projete mat just e puer Klicks ganz einfach op sustainlux.lu ze deelen.

An der Vergaangenheet huet een all Projet missten eenzel renseignéieren, mee vun elo u gëtt et fir d’Lycéeë vill méi einfach: Si kënnen nämlech elo direkt hir Projeten, déi si am Kader vum Iwwerschaffe vun hirem Plan de développement de l'établissement scolaire (PDS) an den ‘Edvance’ agedroen hunn, ganz einfach vun do aus mat e puer Klicks och op sustainlux.lu deelen.

Dat fonctionéirt, andeems si bei all Projet déi respektiv Nohaltegkeetsziler, esou wéi déi domadder verbonne Stéchwierder auswielen, an da mat just engem Klick och d’Deele vun den Daten op sustainlux.lu, wou d’Donnéeën dann all 24 Stonnen automatesch aktualiséiert ginn, erlaben.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu