Actualités

Be a HEARo 2024

''
23/05/2024

Déi pädagogesch Concerte 'Be a HEARo', déi de Rocklab an Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert, stoungen och dëst Joer nees am Zeeche vun enger ganzer Woch vun der Popmusek.

Beim Concert vun der Band Moies am klenge Sall vun der Rockhal haten d'Schoulklassen d'Geleeënheet, allerhand Spannendes iwwert d'Welt vun der Pop- a Rockmusek ze erfueren. Mëttes konnte si dann an insgesamt 9 verschiddene pädagogeschen Ateliere ganz ënnerschiddlech Beräicher vun där Welt kenneléieren an natierlech praktesch ausprobéieren.

Heifir waren och d'Ekippe vum SCRIPT am Asaz, déi verschidden Ateliere wéi Museksjournalismus, Museksproduktioun, Batterie & Rhythmik, Design, souwéi Danz/Performance ugebueden hunn.

De 'Be a HEARo' war also och dëst Joer nees e volle Succès. Wien net bis nächst Joer wëll waarden, fënnt ënnert dem Sichwuert 'Hearo' an der Datebank op www.mimamu.lu eng ganz Rei u Materialie fir d'Thema Rock- a Popmusek an der Klass ze behandelen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu