Actualités

Luef fir d'Bicherserie 'Allerhand'

''
13/05/2024

UPDATE: Dem SCRIPT seng Bicherrei 'Allerhand' kritt Sëlwer bei de European Design Awards. Mir felicitéieren dem Studio Michel Welfringer! + + +

Dʼgrafesch Gestaltung vun der Bicherserie 'Allerhand', fir déi de Studio Michel Welfringer responsabel ass, ass an der Kategorie 'Book Cover – Series' fir en European Design Award nominéiert!

Wie bei deem prestigiéise Concours gewonnen huet, gëtt den 1. Juni 2024 op der Präisiwwerreechung zu Neapel bekannt ginn.

De Layout vun der Bicherserie, déi zanter 2022 beim SCRIPT erauskënnt, ass och d’Theema vun engem Artikel am däitsche 'Grafikmagazin'.

An der Serie 'Allerhand' gi Bicher op Lëtzebuergesch nees oder nei erausginn, déi virun allem fir de Lëtzebuergeschunterrecht am Enseignement secondaire geduecht sinn. An all Buch stinn Erklärungen an en Essay, déi beim Liesen an Interpretéieren hëllefe sollen. Bis elo si fënnef Bänn erauskomm.

Dir fannt se op www.heydoo.lu an an de Librairien.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu