Actualités

Grousse 'Beweegungsdag' fir de Cycle 3

''
10/06/2024

De grousse 'Beweegungsdag' gouf de 5. Juni 2024 am Kader vun der zweeter 'Nationaler Beweegungswoch' um Institut national des sports (INS) organiséiert.

D’'National Beweegungswoch' ass den Nofollger vum 'Schoulsportdag', deen an de Grondschoule säit ville Jore bekannt war. Dësen Nofollgerprojet, bei deem nach méi d’Beweegung an net direkt de Sport an der Vitrinn steet, huet sech iwwer eng ganz Woch gestreckt, fir all interesséierter Schoul a Klass den néidegen zäitleche Sputt ze loossen, fir matzemaachen.

De groussen Highlight vun der 'Beweegungswoch' war de 'Beweegungsdag', deen de SCRIPT zesumme mam Sportsministère a mam Sportlycée organiséiert huet. Et hunn 30 Cycle 3-Klassen aus de 15 Regionaldirektiounen an 2 Flüchtlingsklassen e ganzen Dag zesumme verbruecht, op deem si ënnerschiddlech Sportaarten a Beweegungsateliere matmaache konnten.

Iwwer 500 Kanner aus dem Cycle 3 haten de ganzen Dag bei dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnten sech gutt auspoweren.

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu