Actualités

Offiziell Präisiwwerreechung vum 'Kanner – a Jugendliteraturpräis'

''
13/06/2024

Am Kader vun der Finall vun der 19. Editioun vum 'Virliesconcours', dee vum SCRIPT a Kollaboratioun mat de Regionaldirektiounen organiséiert gëtt, ass de 'Kanner – a Jugendliteraturpräis' den 11. Juni 2024 am Ariston zu Esch-Uelzecht iwwerreecht ginn.

Dëse Präis, deen ab 2022 all Joer vum SCRIPT organiséiert gëtt, ass Deel vun den Initiativen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërdere sollen. An deem Sënn sinn Texter ausgezeechent ginn, déi an educatiounsrelevante Kontexter genotzt kënne ginn.

D’Anja Di Bartolomeo huet de Jury vun der zweeter Editioun vum 'Kanner – a Jugendliteraturpräis' mat hirem Text 'E Krokodil an der Kummer' iwwerzeegt. D’Autorin huet dem Public hiren Text virgelies an deen huet mat Begeeschterung nogelauschtert.

Des Weidere goufen nach zwee aner Texter zeréckbehalen: 'Hasta la Vista, Néckel' vum Anja Di Bartolomeo an 'D’Hierschtblat Milly' vum Linda Pleimling. Déi dräi Texter gi vum SCRIPT an enger vu senge Publikatiounen iwwerholl.

Mir gratuléieren deenen zwou Autorinnen heimat nach eng Kéier fir de wuelverdéngte Präis.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu