Actualités

Eraus an d’frësch Loft: „Eis gebaute Welt“ entdecken a fachiwwergräifend léieren! – Formatiounen a pedagogescht Material

Eis gebaute Welt
15/09/2020

Schoul muss net ëmmer am Klassesall stattfannen, och dobausse kann ee léieren, zum Beispill am Quartier ronderëm d’Schoul, am Nopeschduerf oder an enger vun de flotte Stied hei am Land.

Mam Entdeckungsrucksak „Eis gebaute Welt“ ass d’Schoulklass equipéiert, fir dobaussen ze schaffen, sief et an der Mathematik, an den Naturwëssenschaften, an de Sproochen oder an der Konscht. Sechs verschidde Missiounen, mat Aarbechtsmaterial fir pedagogesch Aktivitéiten, kënnen einfach, flexibel an ouni vill Opwand direkt vum Léierpersonal ëmgesat ginn.

Dës Fichen, esou ewéi de Rucksak, kënnen iwwert de www.multi-script.lu resp. iwwert de Bon de commande bestallt ginn.

Wie sech méi intensiv mat der Thematik vum interdisziplinäre Léieren am ausserschouleschen Ëmfeld vun der gebauter Welt ausenanersetze wëll, ass wëllkomm am Workshop: Eis gebaute Welt, Kanner sensibiliséieren fir hier gebauten Ëmwelt vu gëschter, haut a muer (Initiatioun) (Code : D2-b-55).

Mir schaffen esouwuel dobannen ewéi och dobaussen um Terrain, mam Zil, fir selwer déi gebaute Welt ze erfuerschen, sech iwwer pedagogesch Aspekter auszetauschen a sech Tipps zum Classroom management ze ginn.

Déi gemeinsam Virbereedung vun den Aktivitéite féiert zur direkter Ëmsetzung mat der Klass. Och den Austausch ënner Schoulklasse vu verschiddene Plazen hei am Land gëtt gefërdert!

Kontakter zu „Expert/-innen“ vun „Eis gebaute Welt“, dat heescht Léierpersonal, dat schonns Erfarung mat de Missiounen huet, ginn, am Sënn vun der Weiderentwécklung vun onsem Netzwierk, hiergestallt.

Infos:

martine.bintner@education.lu

nadine.brix@education.lu

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu