Actualités

"Digital Sciences", een neit Fach an de Lycéeë

“Digital Sciences”, een neit Fach an de Lycéeë
19/05/2021

Den 18. Mee 2021 huet de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den neie Cours "Digital sciences" presentéiert, dee vun der nächster Rentrée un no an no op de Klasse vu 7e, 6e a 5e agefouert gëtt.

Am Nomëtteg hat de SCRIPT zesumme mam Radio 100,7 e Webinaire zum Thema organiséiert. Am Studio waren: d’Claire Flammang, Professesch am Lycée Aline Mayrisch (LAML) a Coordinatrice vum Aarbechtsgrupp fir d’Fach "Digital Sciences", d’Debora Plein, Coordinatrice vu BEE SECURE, d’Jennifer Breithoff, Chargée de direction vun der scolarisation spécialisée vum Centre pour le développement socio-émotionnel an de Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers (LAM). An der Emissioun waren och eng Rei Interviewe mat Schüler, Bedeelegter um Aarbechtsgrupp "Digital sciences" a Lycéeësdirekteren ze héieren.

D’Nolauschterer konnten hir Froe per E-Mail oder WhatsApp stellen an déi si Live an der Emissioun beäntwert ginn. De Webinaire kann een op Youtube ënnert dësem Link an op Vimeo ënnert dësem Link nolauschteren a -kucken.

De Pressedossier zum neie Fach "Digital Sciences" ass ënnert dësem Link ze fannen.

Ee vun den Sujeten, den am Webinaire zur Sprooch komm ass, war och d’Programméieren. Bei der Rentrée 2020-2021 ass de Coding an der Grondschoul am Cycle 4 agefouert ginn a gëtt vun der nächster Rentrée un och an déi aner Cyclen integréiert. Enn Januar hat de SCRIPT zesumme mam Radio 100,7 doriwwer e Webinaire organiséiert, deen ënnert dësem Link ze fannen ass.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu