Actualités

Offizielle Startschoss fir de Projet S-Team - Setz dech an!

Offiziellen Startschoss fir de Projet S-Team - Setz dech an!
23/09/2021

D’Schoulrentrée 2021-2022 bedeit och den offizielle Startschoss fir de Projet S-Team - Setz dech an!, den Nofollgerprojet vun Peer-Mediatioun an S-Team.

Dëse Projet ass eng Initiativ vum Service national de la jeunesse (SNJ) an Zesummenaarbecht mam SCRIPT an dem Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePas) am Kontext vun der Gewaltpreventioun a Maisons-Relaisen, Schoulen a Lycéeën.

E soll Kanner a Jonker dozou animéieren, fir sech méi intensiv mat dem Thema Gewalt auserneen ze setzen, andeems si Aktivitéiten zesumme realiséieren oder sech zu Peer-Mediateuren ausbilde loossen an esou aktiv dozou bäidroen, dass ënnerhalb vun der Schoulcommunautéit an do driwwer eraus de Vivre-ensemble verbessert gëtt.

Op dem Internetsite www.s-team.lu kritt Dir all Informatiounen zu dësem flotte Projet, esou wuel zu sengem Inhalt, wéi och zu de Formatiounen, déi ugebuede ginn. Begleetmaterial steet Enseignanten an Educateuren zur Verfügung.

Mir wënschen alle Kanner a Jonker vill Spaass beim Duerchféiere vun den Aktivitéiten!

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu