Actualités

Webinaire um radio 100,7: De Museksunterrecht zu Lëtzebuerg

Webinaire: De Museksunterrecht zu Lëtzebuerg
13/12/2021

Wéi dréit d’Musek zur Entwécklung vum Kand bäi? Wéi gëtt se am beschte vermëttelt? Wéi funktionéiert de Museksunterrecht? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner ab der Rentrée 2022/2023 soll gratis sinn?

Dës an aner Froen stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire, deen d’Direction générale de l’Enseignement musical vum Educatiounsministère, de SCRIPT an de radio 100,7 den 11. Januar 2022 vu 14:30 bis 16:00 Auer proposéieren.

Am Studio sinn:

- D’Micky Thein, Directrice adjointe vun der Museksschoul vun der Fédération Nationale de musique du Grand-Duché de Luxembourg (UGDA)

- De Gilles Lacour, Commissaire à l’enseignement musical vun der Regirung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterrecht am Educatiounsministère

- De Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire

- De Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Department vun der Philharmonie

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren an och d’Stëmme vu Museksschüler. 

Dëse Webinaire gëtt och am Livestream iwwerdroen. E Link fir de Livestream ass den Dag selwer op der Websäit vum radio 100,7 ze fannen. 

D’Nolauschterer kënnen hir Froen iwwer d’Email fro@webinar.lu oder per WhatsApp (621 44 00 44) stellen.

D’Participatioun vun Enseignante um Webinaire gëtt vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen dozou ginn et ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu