Actualités

Webinaire um radio 100,7: E groussen Tour duerch de Museksunterrecht

Webinaire um radio 100,7: E groussen Tour duerch de Museksunterrecht
12/01/2022

Den 11. Januar 2022 haten d’Direction générale de l’enseignement musical vum Educatiounsministère, de SCRIPT an de radio 100,7 e Webinaire organiséiert, deen e groussen Iwwerbléck iwwer de Museksunterrecht zu Lëtzebuerg geliwwert huet. 

Hannergrond waren eng Rei Reformen an nei Entwécklungen an deem Beräich. 

Mat am Studio waren d’Micky Thein, Directrice adjointe vun der Museksschoul vun der Fédération Nationale de musique du Grand-Duché de Luxembourg (UGDA), de Gilles Lacour, Commissaire à l’enseignement musical vun der Regierung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterrecht am Educatiounsministère, de Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire, an de Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Department vun der Philharmonie.

An der Emissioun, déi vu 14.30 bis 16.00 Auer diffuséiert gouf, waren zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren. Ronn 300 Enseignanten aus dem ganze Land haten sech am Virfeld beim Webinaire ageschriwwen, dee vum  Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt gouf.  

D’Emissioun kann zu all Ament nach eng Kéier ugekuckt a gelauschtert ginn, entweder um Internetsite vum radio 100,7 oder um Youtube-Kanal vum SCRIPT.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu