Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': Wéi eng gemeinsam Visioun fir d’Grondschoul a wéi eng Schlësselkompetenze fir d’Schüler?

Projet 'Plan d’études 2025': Wéi eng gemeinsam Visioun fir d’Grondschoul a wéi eng Schlësselkompetenze fir d’Schüler?
08/02/2022

An der éischter Februarwoch huet d’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT op zwee Diskussiounsowenter invitéiert, fir zesumme mat allen interesséierten Acteuren aus dem Bildungsberäich iwwer d’Zilsetzunge vum Fondamental ze diskutéieren.

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stoung d’Fro, wéi eng Schlësselkompetenzen d’Schoul de Schüler haut am Fondamental muss a ka mat op de Wee ginn, fir dass se spéider an hirem Liewe beschtméiglech reusséieren.

Ronn 140 Leit haten sech fir dëse CoLab-Workshop dënschdes, den 1. Februar am Forum-Geeseknäppchen an donneschdes, den 3. Februar online virun hire Bildschiermer afonnt fir eng oppen Diskussioun ronderëm en neie Plan d’études an d’Erausfuerderungen am Fondamental ze lancéieren.

An de nächste Woche wäert d’Divisioun elo d’Aussoen an engem Rapport verschaffen, deen online wäert op hirem Internetsite www.curriculum.lu zougänglech sinn an och de Partner vum Prozess pour Avis wäert zoukomme gelooss ginn. D’Aussoen aus dësem an alle weidere CoLabs wäerten d’zentral Richtungsvirgabe virginn, déi beim Ausschaffe vum neie Plan d’études berécksiichtegt ginn.

De 15. an de 17. Mäerz 2022 geet et weider am Reflexiounsprozess, wann d’Divisioun op e neits all interesséiert Acteuren invitéiert fir d’Thema ‘Méisproochegkeet an der Grondschoul’ an all senge Facetten ze beliichten. Weider Informatiounen ginn et online op www.curriculum.lu oder per Mail via curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu