Actualités

Vill Interessi fir de Webinaire vum SCRIPT a vum radio 100,7

Vill Interessi fir de Webinaire vum SCRIPT a vum radio 100,7
28/03/2022

Iwwert déi vill Défien vun der Alphabetiséierung am méisproochegen a multikulturelle Lëtzebuerg, awer och iwwert d’Äntwerten dorop, hunn de 24. Mäerz vu 14.30 bis 16.00 Auer dräi Expertinnen an een Expert am grousse Studio vum radio 100,7 diskutéiert.

Invitéiert fir de Webinaire 'D’Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg' vum SCRIPT a vum radio 100,7 waren: d’Caroline Hornung, Fuerscherin beim Luxembourg Center for Educational Training (LUCET) op der Uni Lëtzebuerg, d’Sabrina Sattler, Fuerscherin beim Observatoire National de la Qualité Scolaire, d’Sarah Scholtes, Enseignante am Cycle 2 zu Schëffleng an de Philippe Kloos, Direkter vun der Direction de l’Enseignement Fondamental Suessem. 

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten zu ënnerschiddleche Facettë vun der Thematik ze héiere gewiescht. Zum Schluss hunn d’Gäscht am Studio nach op eng ganz Rei Froe vun den Nolauschterer reagéiert, déi hir Froe konnten iwwer Email oder per WhatsApp stellen. 

Eleng 700 Enseignanten haten sech um IFEN ageschriwwen, fir dëse Webinaire ze suivéieren, deen och am Livestream diffuséiert gouf.

Ween interesséiert ass, d’Opzeechnung vum Livestream ze kucken an ze lauschteren, kann dat iwwer d’Plattforme Youtube (ënnert dësem Link) a Vimeo (ënnert dësem Link) maachen. 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu