Actualités

Lëtzebuerger Schoulbibliothéiksdag fir Grondschoulen

Lëtzebuerger Schoulbibliothéiksdag fir Grondschoulen
17/05/2022

Den 10. Mee 2022 gouf de 'Lëtzebuerger Schoulbibliothéiksdag fir Grondschoulen' um edupôle zu Walfer organiséiert.

Ronn 80 Leit hu ganz interesséiert dem Online-Virtrag vum Här Markus Fritz aus Südtirol (Amt für Bibliothek und Lesen) nogelauschtert, an deem hien d’Erausfuerderunge vun enger moderner Schoulbibliothéik beliicht huet.

Duerno gouf sech intensiv zu 6 verschidden Theemen ausgetosch. Et waren dat déi am Virfeld definéiert Theeme 'Liesfërderung', 'Bestand & Raumgestaltung', awer och weider Sujeten, déi d’Participanten an d’Spill bruecht hunn: 'Auteursliesungen', 'digital Medien' an 'Aarbechtsorganisatioun am Alldag'. Et koum zu engem intensiven Erfarungsaustausch a klenge Barcamps. Vill Froen awer och eng Rei konkret Iddien sinn op d’Tapéit komm.

Beim Ofschloss ass festgehale ginn, datt e reegelméissegen Echange an eng Vernetzung vun de Schoulbibliothecairë vu groussem Wäert wier. Als éischte Schrëtt a Richtung Vernetzung ass e weideren, méi konkreten Echange am Kader vun engem Online-Meeting den 31. Mee 2022 geplangt. De SCRIPT an den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) wäerten déi Entwécklung gemeinsam ënnerstëtzen.

Als Begleedung zum Treffe gouf et eng Presentatioun vu Fachliteratur zum Theema 'Schoulbibliothéiken a Liesfërderung'. Dëst Dokument ass am PDF-Dokument ënnen op der Säit ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu