Actualités

Den Tristan Willigsecker gewënnt de Virliesconcours 2022

Den Tristan Willigsecker gewënnt de Virliesconcours 2022
29/06/2022

Am Kulturhaus zu Miersch hunn sech den 28. Juni 2022 am Nomëtteg déi 15 Finalistinnen a Finaliste vum Virliesconcours getraff.

Dës Schüler aus dem Cycle 4, 4 Jongen an 11 Meedercher, haten sech ënnert méi wéi 4.500 Participanten am ganze Land qualifizéiert, fir an d’Finall ze kommen an en Text iwwer 'Déieren', d'Theema vun dëser 17. Editioun vum Virliesconcours, ze presentéieren.

De Concours gouf gewonne vum Tristan Willigsecker aus der Grondschoul vun Duelem, mat engem Extrait aus dem Buch 'Les fables d’Esope' vum Michael Morpurgo. De Gewënner huet och wossten de Jury z’iwwerzeegen, wéi en den imposéierten Text aus 'La révolte des animaux moches' gelies huet.

Ënnert dësem Link fannt Dir en Interview mam Tristan.

Oflaf vum Concours

D’lokal Selektiounen, vun de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi gouf eng Audiodatei vun all eenzel vun de 85 Schoulgewënnerinnen a Schoulgewënner op de SCRIPT geschéckt. Eng intern Jury huet déi 15 Finalistinnen a Finaliste gewielt.

Vun hinnen haten sech 9 fir Däitsch, 5 fir Franséisch an 1 Kand fir d'Lëtzebuerger Sprooch entscheet. Si hunn en Extrait vun hirem Choix an duerno en onbekannten Text an där Sprooch virgelies. Déi onbekannt Texter koumen aus dem Buch 'Buddy: mein Leben als Straßenhund' vum Gill Lewis, aus 'La révolte des animaux moches' vum Coline Pierré respektiv aus 'Dem Kueder Igor seng Aventüren & d'Geheimnis vun de 7 Liewen' vum Mara Montebrusco-Gaspari.

De Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Kulturhaus a Kenner vun der Lëtzebuerger Literaturwelt, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen a Finalisten - duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bäi deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendezvous-vous waren.

Kulturell Ënnerhalung tëscht de Liesunge gouf vun der Projetsekipp vu mimamu.lu gebueden. Si hunn dem Public e 'Choraoke' proposéiert: et ass dëst eng Aart Karaoke, bäi där de Public mat de Museker op der Bün Lidder séngt, wärend den Text a rhythmesch Symboler op engem groussen Ecran scrollen. De Public huet mat grousser Begeeschterung matgemaach.

Finalistinnen/ Finaliste a Jury

Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren: d'Emilie Fellerich, d'Maessa Garbay, d'Imène Houdremont, d'Klara Muller, d'Svetlana Nieuwenhuis, d'Clarissa Pierrard, de Mohammad Mahdi Rahmani, d'Inès Reizer, de Raphaël Sagot, d'Léini Schaack, d'Joanne Schneidesch, de Liam Schumacher, d'Carla Turk, den Tristan Willigsecker an d'Leticija Zélic.

All Finalistin a Finalist krut e Buch an e Bicherbong als Präis. De Gewënner krut e Bong vun enger Librairie fir e méi héije Betrag.

An der Jury waren: d'Laurence Hilger, Libraire; de Claude Karger, Projetscoordinateur fir Medieprojete beim SCRIPT; d'Irène Petesch, Enseignante a Schoulbibliothecaire; d'Romaine Theisen, Regionaldirektesch, an d'Nora Wagener, Auteure.

 

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum SCRIPT/ Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu