Actualités

'EuroSkills' 2027: eng grenziwwergräifend Zesummenaarbecht

'EuroSkills' 2027: eng grenziwwergräifend Zesummenaarbecht
21/06/2022

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht ginn d’'EuroSkills' - de gréissten Event an Europa, bei deem sech déi Bescht vun deene Beschte vun der Jugend aus alle Beruffssparte matenee moossen – vun zwou Natiounen ausgedroen: Am Joer 2027 riichten Däitschland a Lëtzebuerg zesummen d’Europameeschterschafte vun de Beruffer zu Lëtzebuerg an zu Düsseldorf aus.

150.000 Visiteuren an 800 Nowuessprofessioneller gi fir dësen Event am September 2027 zu Düsseldorf erwaart, wou si a méi wéi 50 Beruffsconcourse géinteneen untriede wäerten.

Gemeinsam Projeten am Virfeld vun den 'EuroSkills'

Fir de Stellewäert an d’Villfalt vun der Beruffsausbildung an d’Vitrinn ze stellen, wäerten nieft dem Event selwer am Virfeld innovativ Projeten a Lëtzebuerg a grenziwwerschreidend mat Däitschland organiséiert ginn.

Heifir hunn Däitschland a Lëtzebuerg mat de béiden Organisatioune WorldSkills Germany a WorldSkills Luxembourg fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun den 'EuroSkills' eng gemeinsam Kandidatur ofginn. WorldSkills Luxembourg ass e wichtege strategsche Partner vum SCRIPT, deen och matgehollef huet, fir dës Kandidatur auszeschaffen.

De 16. Juni 2022 hu béid Natiounen op der Generalversammlung vun der europäescher Daachorganisatioun WorldSkills Europe de Memberlänner hire Projet vun der Organisatioun vun der EM vun de Beruffer virgestallt.

Engersäits ginn am Virfeld scho grenziwwergräifend Projeten an der Beruffsorientéierung an der Aus- an Weiderbildung realiséiert, anerersäits ginn der Ëffentlechkeet spannend Haaptkompetitiounen zu Düsseldorf gebueden.

D’Memberlänner vum Daachverband hunn sech no der Virstellung vum Projet unanime fir déi zwee Länner ausgeschwat.

Jonk Leit solle positiv op déi berufflech Carrière agestëmmt ginn

Op den 'EuroSkills' 2027 ginn innovativ, interaktiv an nohalteg europäesch Beruffsmeeschterschafften ausgedroen, bei deenen déi grenziwwergräifend Zesummenaarbecht am Fokus steet.

'Skills! Shape your future' ass de Motto vun der EM vun de Beruffer. Esou sollen Zéngdausende jonk Leit duerch gemeinsam Projeten an Däitschland an zu Lëtzebuerg am Virfeld vun de Meeschterschafften an och als Visiteure vun dem Haaptevent zu Düsseldorf dozou inspiréiert ginn, iwwert hir Zukunft nozedenken, d‘Villfalt vun de Beruffer ze entdecken an sech soumat intensiv mat hiren eegene beruffleche Virstellungen a Karriärsméiglechkeeten ze beschäftegen.

Dëst soll an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Lycéeë geschéien, déi nach méi detailléiert hir grouss an divers schoulesch Offerte virstelle kënnen.

Den Direkter vum SCRIPT Luc Weis huet als Vertrieder vum Educatiounsministère a senger Ried erkläert, datt zum engen d’Co-Organisatioun vum Event eng eemoleg Geleeënheet ass, fir d’Bildungsoffer vu Lëtzebuerg an Europa méi bekannt ze maachen; zum aneren erméiglecht et och eng wichteg Struktur ronderëm opzebauen; eng 'Skills Academy', där hiren Opbau ab der Rentrée 2022-2023 eng vun de Prioritéite vum SCRIPT wäert sinn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu