< retour
De SCRIPT invitéiert de grand Public häerzlech op d’Finall vum 'Virliesconcours', déi den 28. Juni 2022 am Kulturhaus zu Miersch stattfënnt.
D’Finall fänkt pénktlech ëm 14:30 Auer un, de Public ass gebieden, schonn e bësse virdrun do ze sinn.
De 'Virliesconcours' gëtt dëst Joer fir d’17. Kéier organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental.
D’Theema vun dëser Editioun ass 'Déieren'. An der éischter Ronn liese 15 Finalistinnen a Finalisten en Extrait vir, deen si sech zu deem Theema erausgesicht hunn. Si maachen dat op Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch. Duerno kréien si an der Sprooch, déi si sech erausgesicht hunn, en onbekannten Text virgeluecht, deen si dann och nach virliesen.
De Jury wielt dann déi national Gewënnerin oder den nationale Gewënner vum Concours.
De SCRIPT wënscht all Finalistin an all Finalist bonne Chance a géif sech freeën, wa vill Leit kéimen.
D’Finall gëtt moderéiert vum Claude Mangen, Direkter vum Kulturhaus, an animéiert vun der Ekipp 'mimamu' vum SCRIPT.
Méi Informatiounen zum 'Virliesconcours' ginn et ënnert dësem Link.