Actualités

Summerschool 2022: gratis Widderhuelungscoursë fir d'Grondschoul an d'Lycéeën

Summerschool 2022
15/07/2022

Zënter dem Summer 2020 bidden déi ëffentlech Schoulen optional a gratis Widderhuelungscoursen als Deel vun der Summerschool un.

Dëst Joer wäerte se vum 29. August bis den 9. September 2022 stattfannen.

D'Summerschool war am Ufank geduecht, fir Schüler a Schwieregkeeten ze hëllefen, fir eventuell Lacunen am Zesummenhang mat der COVID-19 Kris ze kompenséieren.
Duerch d'Weiderféiere vun der Offer bestätegt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d'Wichtegkeet, déi en op Nohëllef leet, am Aklang mam Regierungsprogramm 2018-2023. Zousätzlech Hëllef am Allgemengen, an d’Summerschool am Speziellen, gehéiert zum Arsenal vun der Politik fir d’Reduktioun vun der sozialer Ongläichheet.

Am Joer 2020 hu 5.900 Studenten (4.800 an der Grondschoul a bal 1.100 am Secondaire) un der éischter Summerschool deelgeholl. Am Joer 2021 waren et der 7.270 (5.500 am Fondamental an 1.770 am Secondaire).

Wéi an de Jore virdru baséieren d'Widderhuelungscourse vun der Summerschool op den theemateschen Dossieren, déi vum SCRIPT fir d’Sproochen an d’Mathematik vun de Klasse vum Cycle 2.1 bis op 4e entwéckelt goufen.

Dës Dossieren sinn iwwer den IAM vum Schüler op dëser Säit vum 15. Juli bis de 14. September 2022 zougänglech. Si enthalen och Modellkorrekturen a kënnen also onofhängeg oder mat Hëllef vun den Elteren zu all Moment an der Schoulvakanz benotzt ginn.

Detailléiert Informatiounen iwwert de prakteschen Oflaf vun der Summerschool fannt Dir ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu