Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': Ateliere mat de Kanner aus dem EF

Projet Plan d’études 2025: Ateliere mat de Kanner aus dem EF
09/08/2022

An den dräi leschte Woche vum Schouljoer 2021-2022 (vum 27. Juni bis de 14. Juli) huet d’Curriculumsentwécklungsdivisioun vum SCRIPT uechter d’Land fräiwëlleg Klassen aus dem Fondamental besicht, fir mat de Kanner iwwer hir Virstellungen a Wënsch zur Schoul ze diskutéieren.

An engem éischte Schrëtt war d’Curriculumsentwécklungsdivisioun primär bei d'Cyclen 3 a 4, wouwéinst vun de 29 Klassen, déi sech vum C1-C4 interesséiert gewisen hunn, 15 Klassen um Enn vum Schouljoer 2021-2022 besicht gi sinn.

Méiglecherweis fannen am nächste Schouljoer weider Ateliere mat engem Fokus op de Cycle 1 an 2 statt.

Déi regional Verdeelung vun de Klassen huet dovunner ofgehaangen, aus wéi enger Regioun sech schlussendlech Klassen aus dem Cycle 3 a 4 gemellt haten:

  • 4 Klassen an der DR 01 – Luxembourg
  • 3 Klassen an der DR 02 – Mamer
  • 1 Klass an der DR 03 – Petange
  • 3 Klassen an der DR 10 – Grevenmacher
  • 1 Klass an der DR 11 – DR Echternach
  • 3 Klassen an der DR 12 – Mersch

D’Kanner haten d’Méiglechkeet, sech en Gros zu deene selwechten Themen ze äusseren ewéi de Bildungsberäich:

  • Visioun
  • Méisproochegkeet
  • Iwwergäng
  • Bewäertung / Evaluatioun
  • Transversalitéit
  • Formal a non-formal Bildung

D’Themen si kandgerecht opbereet an ënnerhalb vun zwou Schoulstonne kreativ mat de Kanner diskutéiert ginn. D’Ateliere goufe vun zwee Mataarbechter vun der Curriculumsentwécklungsdivisioun vum SCRIPT organiséiert an encadréiert.

Den Output vun dësen Ateliere mat de Kanner wäert schrëftlech an/ oder visuell festgehale ginn an op www.curriculum.lu fréistens ab deem Moment publizéiert ginn, wann all dës Ateliere mat de Kanner aus dem EF ofgeschloss sinn.

Wann Dir weider Froen zu dësen Atelieren oder generell zum Projet 'Plan d’études 2025' hutt, kënnt Dir Iech iwwer www.curriculum.lu informéieren oder eng Mail schreiwen op curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu