Actualités

D’Editioun 2022 vum Katalog 'Lies a fléi' ass disponibel

D’Editioun 2022 vum Katalog 'Lies a fléi' ass disponibel
05/09/2022

De Katalog 'Lies a fléi' wëll derzou bäidroen, Begeeschterung fir Geschichten a fir d’Liesen ze vermëttelen.

E proposéiert interesséierte  Léierpersounen, Elteren a Kanner, jidderengem, dee Spaass mam Liesen huet, eng Iwwersiicht vun de Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch.

'Lies a fléi' ass gratis a kann iwwert de Katalog vun de Schoulbicher aus dem Enseignement fondamental bestallt ginn. Privatpersoune kënnen de Katalog iwwert heydoo.lu ënnert dësem Link bestellen. D’Onlineversioun vum Katalog ass ënnert dësem Link ze fannen.

Dës Publikatioun koum fir d’éischt am Joer 2007 eraus, als Supplement zu den zwou Anthologië mat lëtzebuergeschen Texter 'Lies a fléi 1' a 'Lies a fléi 2' fir d’Grondschoul.

D’Mise à jour vum Katalog presentéiert e Choix vun neie Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch, déi vum fréie Summer 2021 bis Enn Mee 2022 erauskoumen. Och bei dëser Editioun vum Katalog maachen d’Iwwersetzungen e groussen Deel vun den neie Kannerbicher op Lëtzebuergesch aus.

Am Verglach mam leschte Katalog sinn ëm déi 60 nei Wierker bei dëser 13. Editioun dobäikomm. Nieft all virgestalltem Buch fënnt een am Katalog eng faarweg Sträif, déi d’Altersgrupp uweist, fir déi dat Buch recommandéiert gëtt. Dës geet vun der Petite enfance bis zum  Cycle 4.

De Centre de Documentation pédagogique vum Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) huet en extra Fonds documentaire opgebaut mat de Bicher, déi am Laf vun der Zäit am Katalog 'Lies a fléi' waren. Dës Bicher kënnen ausgeléint ginn, d’Referenze sinn am Onlinekatalog www.a-z.lu ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu