Actualités

Déi éischt national Robotikwoch war e volle Succès

Déi éischt national Robotikwoch war e volle Succès
25/10/2022

Vum 17. bis den 20. Oktober 2022 gouf am Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) zu Esch-Uelzecht d’Weltmeeschterschaft vun der Industrial robotics fir déi Jonk organiséiert. Hei huet och eng Lëtzebuerger Equipe deelgeholl an e ganz staarkt Resultat géint déi international Konkurrenz erreecht.

Am Kader vun dëser 'WorldSkills'-Weltmeeschterschaft huet de SCRIPT déi éischt national Robotikwoch organiséiert. Wärend 4 Deeg huet sech am CNFPC alles ronderëm d’Robotik an hir verschidden Asazméiglechkeete gedréint.

Nieft dem Concours goufe wärend de 4 Deeg insgesamt 15 verschidde pedagogesch Atelieren an Demonstratiounen ugebueden. Iwwer 40 Klassen an insgesamt bal 1.000 Kanner a Jugendlecher sinn am CNFPC passéiert, fir sech déi komplett Robotik-Offer unzekucken. 

D’Atelieren hunn déi verschidden Asazméiglechkeete vun der Technik an der Robotik an de Mëttelpunkt gestallt; zum enge mat Roboteren, déi an der Schoul schonn zum Asaz kommen, zum anere LEGO-Aufgaben, awer och am Beräich vun der Musek an dem Sport gouf gewisen, wéi Technik den Alldag verännert.

Donieft war den Event och dënschdes an donneschdes nomëttes vun 13:00 bis 16:00 Auer fir de Grand Public op. Dobäi stoung virun allem den Dënschdegnomëtteg am Zeeche vun de Smart Technologies-Formatiounen. 6 Lycéeën aus dem Land, déi eng Smart-Formatioun ubidden, hunn de Jugendlechen, Elteren an allgemeng Grand public Ried an Äntwert gestanen.

Den Ofschloss vun dëser Robotikwoch war freides, den 21. Oktober am Ariston zu Esch-Uelzecht, wou den Educatiounsminister Claude Meisch de Gewënner vun der 'WorldSkills'-Kompetitioun d’Medailen iwwerreecht huet.

Fannt hei e Video vun der éischter nationaler Robotikwoch an eng Selektioun vu Fotoen (SCRIPT & Worldskills Luxembourg).

 

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu