Actualités

Éischt national Robotikwoch

Éischt national Robotikwoch: dënschdes an donneschdes mëttes fir Familljen an de Grand public
06/10/2022

De 17. bis den 20. Oktober 2022 ass am Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) zu Esch-Uelzecht d’Weltmeeschterschaft vun der industrial robotics fir déi Jonk.

Lëtzebuerg huet dëst Joer déi eemoleg Chance eng Weltmeeschterschaft vun de Beruffer mat ze organiséiere via WorldSkills Luxembourg. Aus 11 Länner queesch duerch d’Welt hu sech Kandidatinnen a Kandidaten ugemellt, déi an 2er Teams dësen Challenge uginn. Och Lëtzebuerg stellt eng Equipe a probéiert dës 'WorldSkills'-Weltmeeschterschaft ze gewannen (all Informatiounen zu dem ganzen Event fënnt een ënnert dësem Link.

De SCRIPT organiséiert zesumme mat WorldSkills Luxembourg an dem Service vun der Beruffsausbildung an dësem Kader vum 17. bis den 20. Oktober déi éischt national Robotikwoch.

Déi 4 Deeg wäert sech am CNFPC alles ronderëm d’Robotik an hir verschidden Asazméiglechkeeten dréinen.

Nieft dem Concours gi pedagogesch Atelieren, Demonstratiounen, Erklärungen, Visitten, Informatiounsstänn a villes méi gebueden. D’Ateliere stellen déi verschidden Asazméiglechkeete vun der Technik an der Robotik an de Mëttelpunkt; zum enge mat Roboteren, déi an der Schoul schonn zum Asaz kommen, zum anere Lego-Aufgaben, awer och am Beräich vun der Musek an dem Sport gëtt gewisen, wéi Technik den Alldag verännert.

Beim Event gëtt ënnerscheet tëscht exklusivem Schoulevent an dem Grand public-Event:

  • Méindes a mëttwochs si Grondschoul-Dagesevents (08:30-15:00 Auer) mat Visitten, Erklärungen, Atelieren a villem méi.
  • Dënsdes an donneschdes moies ginn d’Dieren fir Lycéeesschüler vun enger 5ième op, déi potenziell un enger Smart Technologies-Formatioun interesséiert wären.

    Hei gëllt kee fräien Entrée.
     
  • Dënschdes an donneschdes nomëttes vun 13:00 bis 16:00 Auer ass den Event awer fir de Grand public op.

    Den Dënschdegnomëtteg (13:00 bis 16:00 Auer) steet am Zeeche vun de Smart Technologies-Formatiounen. Déi 5 Lycéeën aus dem Land, déi dës Formatioun ubidden, wäerten de Jugendlechen, Elteren an allgemeng Grand public Ried an Äntwert stoen. Donieft ginn dënschdes nomëttes fir all Interesséierte weider Atelieren ugebueden.

    Donneschdes nomëttes gëtt dann éischter den Erwuessene-Public uviséiert. Den Digital Learning Hub (DLH) wäert seng Struktur a seng Formatioune virstellen an all Interesséiertem erklären. A natierlech ass jiddereen häerzlech invitéiert de Concours kucken ze kommen a sech e Bild vun dësen Industrierobotere maachen ze kommen.

Déi 4 Deeg wäert also e ganz ofwiesslungsräiche Programm ugebuede ginn.

Mir wënschen all de jonke Kandidatinnen a Kandidate bonne Chance beim Industrierobotik-Concours.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu