Actualités

Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’

Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’
19/10/2022

De 17. Oktober 2022 war am Kinepolis um Kierchbierg d’Avant-première vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’, realiséiert vum Tom Alesch.

Bei dësem Evenement waren ënner anerem déi ierfgroussherzoglech Koppel, S.A.R. de Prënz Guillaume a seng Fra, S.A.R. d'Prinzessin Stéphanie, de M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de M. Luc Weis, Direkter vum SCRIPT an eng Rei SCRIPT-Mataarbechter, déi aktiv um Projet bedeelegt waren, present.

Dëse Film gëtt en Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft. Verschidde Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn, weisen an erzielen, wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Jore bei der Produktioun, der Vermaartung an der  Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war.

De Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’  ass eng Produktioun vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl mat der Hëllef vum Oikopolis-Grupp a vun der Oikopolis Foundation Luxembourg, a Partnerschaft mam Cactus-Grupp, a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, vum Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, vum Ministère de la Protection des consommateurs a vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

Didaktescht Material

D’Equipe aus der Division de l'innovation pédagogique et technologique vum SCRIPT huet didaktescht Material ausgeschafft fir de Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’ ze begleeden.

  • D'Kaartespill zum Film gräift verschidden Elementer, déi am Film thematiséiert goufen, op an erlaabt et, dës deelweis komplex Zesummenhäng a Wiesselwierkungen an der Biolandwirtschaft spilleresch mat Fachwëssen ze verdéiwen.
    D’Zil ass et, déi verschidden Aufgabe mat Hëllef vu Ressourcekaarten ze erfëllen. Onerwaart Evenementer huelen allerdéngs Afloss op d’Spilldynamik.
    An den nächste Woche kréien all d'Centres de documentation et d'information aus dem Enseignement secondaire eng Rei Exemplairë vum Spill zougestallt. Esou kennen d’Enseignanten, déi mat hire Klassen de Film kucke ginn, dësen unhand vum Spill opbereeden a weider verdéiwen.
    E grousse Merci geet un den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) fir seng wäertvoll Hëllef beim Iwwerliesen an un de Landwirtschaftsministère, deen ons mat senger Expertis ënnerstëtzt huet.
  • Op der Websäit www.biobauzen.lu  wäerte weider pedagogesch Impulser ze fanne sinn, wéi een sech op verschiddenst Aart a Weis an interdisciplinär mat der Biolandwirtschaft auserneesetze kann.
  • Am Wanter 2022-2023 wäert de SCRIPT dann en Experimentéier-Kit zur Verfügung stellen, wou déi Jonk selwer hir Leguminosen an der Klass kënne wuesse loossen. Si kënne beobachten, wéi een ouni cheemesch-syntheeteschen Dünger de Buedem mat Stéckstoff kann uräicheren a kräfteg Planze wuesse ka loossen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu