Actualités

films4schools.lu: En neien Internetsite mat Lëtzebuerger Produktiounen a Coproduktiounen

films4schools.lu: E neien Internetsite mat Lëtzebuerger Productiounen a Coproductiounen
21/10/2022

Déi nei Plattform www.films4schools.lu stellt Enseignanteën an Enseignantë Filmer, déi zu Lëtzebuerg produzéiert oder coproduzéiert goufen, zur Verfügung, déi si mat hire Schülerinnen a Schüler zesumme kucken an analyséiere kënnen. 

films4schools.lu gouf vum SCRIPT, zesumme mat der Filmakademie, mam Centre national de l'audiovisuel (CNA) a mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ausgeschafft.

Dësen Internetsite proposéiert insgesamt 24 Filmer, Animatiounen an Documentairen, déi verschidden Theemen ofdecken, wéi z.B. d'Lëtzebuerger Geschicht, d'Ëmwelt, d'Migratioun an d'Zesummeliewen. All Joer kommen nach weider Filmer dobäi.

D'Enseignanteën an Enseignanten aus dem Enseignement fondamental an den Enseignement secondaire hu mat hirem IAM-Kont Accès op d'Filmer. 

Pedagogesch Dossieren zu all Film erméiglechen et dem Léierpersonal, d'Schülerinnen a Schüler op de Film virzebereeden an hiert Wëssen ze verdéiwen.

D'Filmer kënnen am Klassesall gewise ginn, mee et kann och eng Virféierung am Kino organiséiert ginn, fir d’Filmerliefnis nach besser ze maachen.

Déi néideg Kontaktinformatioune sinn ënner dësem Link disponibel.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu