< retour
En neie Film zum Programm 'Phonologesch Bewosstheet mam Sila' gëtt Abléck an d’Ëmsetzung vum 'Sila'-Programm am méisproochege Klassekontext vum Cycle 1.
De Film ass direkt uewen op der Sila-Internetsäit www.sila.script.lu ze fannen.
Fir e bësse méi Sputt bei der zäitlecher Andeelung vun den Aktivitéiten iwwert d‘Schouljoer ze hunn, ass de Mount November e gudde Moment fir de Programm-Start.
Eventuell Froen oder Réckmeldungen zum Sila-Programm kann ee gäre per Mail (sila@script.lu) oder iwwert de Kontaktformular ganz ënnen op sila.script.lu eraginn.
D’Sila-Material ass um Bon de Commande ënnert dem Cycle 1 an dem Cycle 2 ze fannen.