Actualités

Nei Offere vu 'mimamu-makedra': 'Coding music' a 'Kannerberäich'

Nei Offere vu 'mimamu-makedra': 'Coding music' a 'Kannerberäich'
16/11/2022

D’Schoulrentrée 2022-2023 läit geschwënn zwee Méint hannert eis, an dëst gëtt der Equipe vu 'mimamu-makedra' d’Geleeënheet, een Iwwerbléck iwwer hir Aktivitéiten a Projeten, sou wéi d’Presenz vun den Internetsitten www.mimamu.lu a www.makedra.lu an de Grondschoulen ze ginn.

Zënter der Rentrée bitt 'mimamu-makedra' hire User och en Accès via IAM un, an dëst huet mat sech bruecht, dass  'mimamu' a 'makedra' mëttlerweil vu ronn 4.100 Léierpersoune genotzt gëtt. Dat bedeit, datt wäit iwwer d’Hallschent vum Léierpersonal aus der Grondschoul op d‘Materialien an d’Offerte vu mimamu-makedra zeréckgräift. Eleng am Oktober goufen d’Säite vu 'mimamu-makedra' iwwer 28.000 mol opgeruff.

Nieft de ville Materialien op mimamu.lu a makedra.lu, déi et dem Léierpersonal erméiglechen,  Museks- an Theateraktivitéiten an der Klass unzebidden, ass d’Ekipp vu 'mimamu-makedra' och dëst Schouljoer mat intressante Projeten an Aktivitéiten a ville Schoulen ënnerwee. Genee wéi déi Joere virdrun haten dës Offerte vill Succès a ware séier ausgebucht.

'Coding music' a 'Kannerberäich'

'Coding  music' gouf eng éischte Kéier am Kader vun der éischter nationaler Robotikwoch vum 17. bis den 20. Oktober 2022 virgestallt.
Melodie codéieren um Tablet, Musek komponéieren an arrangéiere mat Hëllef vu Launchpads, sou wéi digital Musek-Spiller si sécher eng nei a grouss Beräicherung fir de Museksunterrecht an de Schoulen. Op mimamu.lu fënnt een dat néidegt Material an Tutorials fir mat Tablets oder Launchpads ze schaffen.

De 'Kannerberäich' op mimamu.lu a makedra.lu gëtt de Kanner an den Elteren elo och d’Méiglechkeet doheem d’Internetsitten ze notzen, a vu bestëmmte Museks- an Theateraktivitéiten ze profitéieren.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu