< retour
Mat der Rentrée 2022-2023 goung d’Consultatiounsphas ronderëm een neie Plan d’études 2025 an e weidert Joer.
Als Léierpersonal, edukatiivt a psychosoziaalt Personal aus de Grondschoulen an de Kompetenzzentren an als Enseignanten aus dem Secondaire sidd Dir ganz häerzlech invitéiert fir un den Iwwerleeungen zu engem neie Plan d’études matzewierken.
De virleschte CoLab-Workshop beschäftegt sech mam Theema: 'Méi Transversalitéit am Plan d’études?'
Deelhuele kann een donneschdes, de 24. November 2022 vu 16:45 Auer bis 20:00 Auer en présentiel an der Salle Guillaume (Bâtiment III) um eduPôle zu Walfer oder dënschdes, den 29. November 2022 vu 16.45 bis 20.00 Auer online iwwer Teams.
An dësem CoLab interesséieren eis ënner anerem folgend Froen:
Sidd Dir interesséiert, matzediskutéieren iwwert déi künfteg Ausriichtung vun der Grondschoul an iwwert d’Programmentwécklung vum Fondamental? Da schreift Iech wgl. bis den 23. November 2022 fir de CoLab zum Theema 'Méi Transversalitéit am Plan d’études?' an:
Dëse CoLab ass als Formatioun ausgeschriwwen. Fir dëst Schouljoer ass e weidere CoLab geplangt zum Theema 'Formal an non-formal Bildung'.
Weider Informatiounen zu all de CoLabs ginn et op der Internetsäit www.curriculum.lu.
Bei Froen an Ureegunge kënnt Dir iwwer curriculum@script.lu oder iwwer folgend Telefonsnummere Kontakt ophuele mat der Curriculumsentwécklungsdivisioun vum SCRIPT: 247-65210 / 247-85922.