Actualités

'De Piwitsch' Nummer 4 ass do!

'De Piwitsch' Nummer 4 ass do!
20/12/2022

Zanter dem 14. Dezember 2022 gëtt déi nei Ausgab vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch' an alle Klasse vun den Zyklen 3 a 4 am Enseignement fondamental gratis verdeelt.

Dir fannt déi nei Ausgab och um Internetsite www.piwitsch.lu/e-piwi.

Nei an dëser Nummer ass d'Unterrechtsmaterial fir Enseignanteën an Enseignanten. All Kéiers, wann an der Zeitung d'Zeechen 'Unterrichtsmaterial' optaucht, da fënnt een op der Adress www.piwitsch.lu/ab flott Quizzen, Kreuzworträtselen oder Wuertsich-Aktivitéite fir d'Schülerinnen an d'Schüler.

Nei ass och eng Liesgeschicht. An dëser Nummer erzielt d'Anja Di Bartolomeo eis d’Geschicht vum Lili, wat zimmlech genervt ass vum klenge 'Stress-Pol'. Mee d'Kanner kënnen d'Geschicht net nëmme liesen, mee och lauschteren.

Aner Themen an dëser Ausgab:

 

Umeldunge fir d''Piwitsch Mini-Redaktioun'

D'Piwitsch-Ekipp bitt als pedagogesche Projet och déi sougenannte 'Mini-Redaktioun' un. Hei komme Memberen aus der 'Piwitsch'-Redaktioun an d'Klass, fir e journalistesche Projet ze realiséieren.

Méi Informatiounen zu dësem pedagogesche Projet sinn ënnert www.piwitsch.lu/lehrmaterial ze fannen, oder per E-Mail op minired@piwitsch.lu.

 

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu