Actualités

Projet 'Plan d'études 2025': CoLab 'D'Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung'

Projet 'Plan d'études 2025': CoLab 'D'Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung'
21/12/2022

Mat der Rentrée 2022-2023 goung d'Consultatiounsphas ronderëm een neie Plan d’études 2025 an e weidert Joer. Dëse leschte CoLab-Workshop beschäftegt sech mam Theema 'D'Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung'.

De SCRIPT invitéiert mam Support vun der Direction générale du secteur de l’enfance ganz häerzlech all d'Léierpersonal an d'edukatiivt/ psychosoziaalt Personal aus dem formalen an non-formale Bildungsberäich op dëse Workshop.

No enger Introduktioun vu Säite vum SCRIPT ginn d'Participanten a méi kleng Gruppen agedeelt fir ze diskutéieren. An dësem CoLab-Workshop interesséieren eis ënnert anerem folgend Froen:

  • Wéi eng villfälteg Léierméiglechkeete bitt den non-formale Secteur? Wou leien d'Iwwerschneidungen a Vernetzungsméiglechkeeten zur formaler Bildung an dem Plan d'études?
  • Bei der Ausbildung vu wéi enge Schlësselkompetenze kënne béid Säiten sech wéi beschtméiglech ergänzen?
  • Wéi ginn d'Bildungs- a Betreiungsstrukture mam Theema 'Hausaufgabenhëllef' ëm?
  • Wéi kann d'Zesummenaarbecht an e strukturéierten Dialog tëscht formaler an non-formaler Bildung gutt geléngen?

Deelhuele kann een donneschdes, den 19. Januar 2023 vu 16:45 Auer bis 20:00 Auer en présentiel an der Salle Guillaume (Bâtiment III) um eduPôle zu Walfer ODER dënschdes, de 24. Januar 2023 vu 16:45 bis 20:00 Auer online iwwer Teams.

Aschreiwung

Sidd Dir interesséiert, matzediskutéieren iwwert déi zukünfteg Ausriichtung vun der Grondschoul an iwwert d’Programmentwécklung vum Fondamental? Da schreift Iech wgl. bis den 13. Januar 2023 fir de CoLab 'D'Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung' an!

Fir béide Bildungsberäicher déi selwecht Unzuel u Plaze kënnen unzebidden an domadder ee Gläichgewiicht am Workshop ze fërderen, ginn d'Umeldunge vum formalen an non-formale Beräich getrennt vuneneen iwwer zwee verschidde Kanäl geréiert. Dofir biede mir all Interesséiert, sech un déi nofolgend Andeelung ze halen an dee fir si designéierte Link fir d’Aschreiwung ze notzen, fir dass et keen organisatoresche Chaos gëtt. Merci!

Dir sidd aus dem formale Beräich? Dann mellt Iech wgl. iwwert ee vun dëse Linken un:

  • Umeldung fir d’Formatioun en présentiel ënnert dësem Link.
  • Umeldung fir d’Formatioun online ënnert dësem Link.

Dir sidd aus dem non-formale Beräich? Dann mellt Iech wgl. iwwert dëse Formulaire un:

Dëse Workshop gëtt dem formalen an non-formale Bildungsberäich als Formation continue attestéiert.

Weider Informatiounen

Mat dësem CoLab-Workshop kënnt d’Consultatiounsphas am Kader vum 'Projet Plan d'études 2025', déi säit Februar 2022 sechs CoLab-Workshops mam grousse Bildungsberäich zu verschiddenen Theemen a CoLabs mat weideren Acteuren ëmfaasst huet, op een Enn.

Ufank 2023 geet de 'Projet Plan d'études 2025' an eng nächst Phas: Et gëtt eng Synthees zu allen gesammelte Rapporten aus de CoLab-Workshops, Avisen an Aussoe gemaach, fir déi grouss Stréimunge vum Terrain erauszefilteren. Op dëser Basis entstinn zukünfteg konkret Iwwerleeunge ronderëm een neie Plan d'études.

Weider Informatiounen zu all de CoLab-Workshops an dem Projet am Allgemenge ginn et op der Internetsäit www.curriculum.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu