Actualités

Webinaire iwwer Kannerrechter an der Schoul: Participatioun, Schutz a Fërderung

Webinaire iwwer Kannerrechter an der Schoul: Participatioun, Schutz a Fërderung
23/12/2022

Dëse Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) organiséiert. En ass en Dënschdeg, den 31. Januar 2023 vu 14:00 bis 15:30 live um radio 100,7, an am Livestream op www.100komma7.lu ze héieren.

D’Kannerrechter gëlle fir all Mënsche bis 18 Joer. Si sinn an der Kannerrechtskonventioun vum 20. November 1989 festgehalen.

D’Kannerrechtskonventioun besteet aus 54 Artiklen, an all d’Länner op der Welt, ausser den USA, hunn dëst Dokument ënnerschriwwen a ratifizéiert. Dat bedeit, dass déi verschidden Artikelen, déi hei opgeschriwwe sinn, musse beuecht ginn. An och dass de Staat sech verflicht, fir dës Kannerrechter bekannt ze maachen an dofir ze suergen, dass et Plaze gëtt, wou ee ka Bescheed ginn, wann ee vun den Artikelen net agehale gëtt.

Zu Lëtzebuerg ass d’Kannerrechtskonventioun 1993 a Kraaft getrueden, an entretemps ginn et verschidden Administratiounen a Servicer, déi sech am Beräich vum Bekanntmaachen, Vertrieden, Anhalen a Schütze vun de Kannerrechter engagéieren.

Dat ass zum Beispill de Service des droits de l’enfant am Educatiounsministère, dann awer och den Office national de l’enfance (ONE), de Service vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKaJU) als direkt Ulafplaz, an den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), dee sengersäits d’Recht vum Kand op Participatioun (Recht op Bildung), an d’Informatiounsrecht couvréiert.

D'Kannerrechtskonventioun u sech, den Nationalen Aktiounsplang, deen am Mee 2022 lancéiert gouf an déi 3 Kategorië vu Kannerrechter - Participatioun, Protektioun a Provisioun ginn thematiséiert.

Ronderëm den Dësch sëtze fir dëse Webinaire:

  •  Marguerite Krier, Chef de Service vum Service des droits de l’enfant
  •  Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu)
  • Michèle Bressanutti, Directrice vum Office national de l’enfance (ONE)
  • Michèle Schilt, Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)

Jidderee ka wärend dem Webinaire Froen un d’Experten am Studio stellen, iwwer d'E-Mail-Adress fro@webinar.lu oder d'Whatsapp Nummer 621 44 00 44.

De Webinaire gëtt als Online-Formatioun ugebueden. Et kann ee sech iwwer dëse Link umellen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu